
No méi wéi 1.000 positive Coronatester bei de Mataarbechter vum gréisste Fleeschproduzent an Däitschland huet d’Stad Verl, an där vill Mataarbechter wunnen, eng Quarantänzon installéiert. E Samschdeg de Mëtteg ass e Quartier, an deem am ganzen knapp 670 Leit wunnen, mat engem Drot ofgespaart ginn. Heivunner betraff sinn och Persounen, déi op anere Plaze schaffen an déi ausser d’Noperschaft keng direkt Beréierungspunkte mat der Firma Tönnies hunn.
Dem Buergermeeschter no misst awer alles gemaach ginn, fir d’Verbreedung vum Virus esou wäit wéi méiglech ze reduzéieren. D’Schluechthaus ass fir zwou Wochen zougemaach ginn. De Fall huet op en Neits eng Diskussioun iwwer bëllegt Fleesch, Sozialdumping a schlecht Aarbechtskonditiounen, besonnesch fir auslänneschen Soustraitanten aus Osteuropa, ausgeléist. E Sonndeg kënnt dann och Landesregierung aus Nordrhein-Westfalen zesummen, fir sech ze beroden.
Iwwerdeems warnt d’Federatioun vun den däitsche Stied a Gemenge viru méigleche soziale Konflikter. Mënschen, déi zum Beispill ënner schlechte Konditioune wunnen, wéineg verdéngen an esou eng bëlleg Fleeschproduktioun fir gewësse Betriber garantéieren, dierften net diskriminéiert oder benodeelegt ginn.
De Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen wëllt iwwerdeems, datt d’Autoritéiten an Zukunft Accès kréien op d’perséinlech Donnéeë vu Mataarbechter, wann an engem Betrib de Coronavirus ausbrécht. Dat sot Armin Laschet, CDU, e Sonndeg de Mëtten zu Gütersloh. De Chef vun der Entreprise Clemens Tönnies hat gesot, datt si aus dateschutztechnesche Grënn net d’Adresse vun all de Mataarbechter dierfte weiderginn, well d’Mataarbechter deels bei anere Firmen engagéiert waren, huet Tönnies och net alleguer d’Adresse vun hinnen. Fir den Armin Laschet misst een awer zu all Moment feststelle kënnen, wou d’Mataarbechter wunnen, an d’Gesetz misst wann néideg an deem Sënn adaptéiert ginn.
E Lockdown fir ganz Gütersloh schléisst de Ministerpresident fir den Ament iwwerdeems aus. D’Zuel vun Infizéierten ass e Sonndeg de Mëtteg op 1.331 geklommen.