
Entretemps goufe méi ewéi 1.000 Mataarbechter an engem Wierk bei Gütersloh positiv op de Coronavirus getest, dat hunn d’Autoritéiten e Samschdeg de Mëtteg matgedeelt. Insgesamt si bis ewell 3.000 Resultater vun den Tester bekannt.
Den zoustännege Landrat aus dem Krees Gütersloh léisst de concernéierte Betrib, d’Schoulen, d’Maisons Relais an d’Crèchen zoumaachen. E Freideg scho war et d’Nouvelle, datt déi ronn 6.500 Mataarbechter vum Standuert an hir Famillen a Quarantän mussen.
Zaldoten am Asaz
Op der Plaz am Asaz sinn och Zaldote vun der Bundeswehr. 20 Zaldote sollen hëllefen, alles ze dokumentéieren, déi aner 20 gi beim Traking agesat. Den Ament ginn 1.300 Adressen am Krees Gütersloh kontrolléiert, bei deenen Tönnies-Mataarbechter solle wunnen.
E grousse Problem ass och d’Sproochbarriär, well vill vun den Aarbechter am Wierk vum Clemens Tönnies kommen aus Osteuropa a schwätze just wéineg Däitsch. D’Zaldoten, déi dowéinst dohinner versat ginn, schwätzen op d’mannst eng osteuropäesch Sprooch.
Schonn e Freideg ware 25 Zaldoten am Wierk zu Rheda-Wiedenbrück ukomm. E Spriecher vun der Bundeswehr huet och net ausgeschloss, datt nach weider Zaldoten dohinner geschéckt ginn.
Fuerderunge fir d’Fabrick direkt zouzemaachen
De Gesondheetsexpert vun der SPD, de Karl Lauterbach, huet dogéint gefuerdert, fir d’Fleeschfabrick direkt zouzemaachen, datt well een d’Ursaach vun der Ausbreedung nach net identifizéiert hätt. Et weess een net, ob et an der Kantinne passéiert ass, oder ob et awer duerch d’Lëftung sech verbreet huet. Hie wier sech awer och bewosst, datt wann een d’Fabrick elo géif zoumaachen, datt een d’Fleesch dann och kéint ewechgeheien.
E Samschdeg am Nomëtteg ass dann och d’Decisioun vun den Autoritéite geholl ginn, datt d’Fabrick fir 14 Deeg muss zougemaach ginn.
Fir Opreegung hat an de leschten Deeg och ee Video an de sozialen Netzwierker gesuergt. E Video war an enger Kantin opgeholl ginn an do souzen d’Mataarbechter no beieneen an hu giess. Jee nodeem wéini de Video gedréint ginn ass, ass méiglecherweis géint déi néideg Sécherheetsmesurë verstouss ginn. Bis ewell ass net ganz kloer vu wéini de Video genee ass.

Regionale Lockdown net méi ausgeschloss
De Ministerpresident Armin Laschet huet nom massiven Ausbroch beim gréissten däitsche Fleeschproduzent e regionale Lockdown net ausgeschloss.
Demonstratioune virum Standuert
Virun der Fabrick zu Rheda-Wiedenbrück hunn e Samschdeg ronn 60 Persoune géint d’Firma demonstréiert. “Mir sinn hei, mir sinn haart, well dir de Mënschen d’Rechter klaut”, sou d’Demonstranten. Organiséiert gouf de Protest vun direkt e puer Ëmwelt- an Déiereschutzorganisatiounen.

