No Schéisserei a franséischem LycéeTäter soll "True Crime Community" ugehéieren, Parquet antiterroriste gouf ageschalt

RTL mat AFP
Et gëtt Vermuddungen, dass de 14 Joer alen Täter enger Online-Community ugehéiert, déi Massemorde verherrlechen. De Parquet antiterroriste ermëttelt.
Bei der Schéisserei an enger Schoul zu Aubagne bei Marseille sinn e Méindeg dräi Persoune blesséiert ginn.
Bei der Schéisserei an enger Schoul zu Aubagne bei Marseille sinn e Méindeg dräi Persoune blesséiert ginn.
© MIGUEL MEDINA/AFP

De Parquet national antiterroriste (Pnat) huet en Dënschdeg d'Iwwernam vun der Enquête no der Schéisserei an enger Schoul zu Aubagne annoncéiert. De presuméierten Täter, dee 14 Joer al ass, kéint zum Mouvement vun der sougenannter "True Crime Community" gehéieren, déi am Internet Massemorde verherrlechen.

D'Enquête ass op wéinst versichtem Uschlag am Zesummenhang mat enger terroristescher Grupp, Associatioun mat Terroristen en vue vu kriminellen Dote géint Persounen an Infraktioune géint d'Waffegesetz. Nodeems dem Jonke seng elektronesch Apparater ënnersicht an ausgewäert gi sinn, ass mat héijer Warscheinlechkeet dovun auszegoen, dass hien an der TCC seng Dot ugekënnegt hat.

D'Investigatioune sinn der Sous-direction anti-terroriste (Sdat), service coordinateur, der Direction générale de la sécurité intérieure (DGSI) an der Direction zonale de la police nationale Sud (DZPN) uvertraut ginn. Vum presuméierten Täter, dee Schüler op enger 3ème war, gi sech aus dem Garde à vue weider Eenzelheeten erwaart.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO