US-WalenTim Walz: "Et ass d'Éier vu mengem Liewen"

Jeannot Ries
Mat der Ried vum designéierte Vizepresidentschaftskandidat, koum déi lescht Nuecht de Parteidag vun den Demokraten esou richteg op Touren.
Tim Walz: "Et ass d'Éier vu mengem Liewen"
Mat der Ried vum designéierte Vizepresidentschaftskandidat, koum déi lescht Nuecht de Parteidag vun den Demokraten esou richteg op Touren.

“Komm mir decidéieren eis fir Éierlechkeet, Éier a Freed!”, sou déi aus dem Show-Business ganz bekannt Oprah Winfrey, déi natierlech dozou opgeruff huet, de 5. November den Duo Harris-Walz ze wielen. Zanter dräi Deeg feiere se sech, d’Demokraten.

Et ass den Ament ganz enke Walkampf, deen d’Demokrate selwer den 21. Juli, mam Réckzuch vum Joe Biden, an der Nominatioun vun der Kamala Harris relancéiert hunn.

“Amerika ass prett fir en neit Kapitel. Fir eng besser Geschicht. Mir si prett fir eng Presidentin Kamala Harris”, sou de fréieren amerikanesche President Barack Obama, deen net u Luef gespuert huet, wat de Bilan vum Joe Biden ubelaangt: Iwwerdeems de Barack Obama net gezéckt huet, den Uz mam Republikaner Donald Trump ze maachen.

Ob elo den Oscar- a Grammy-Gewënner John Legend, d’Sheila E oder de Stevie Wonder: an Amerika kann ee sech esou e Kongress net ouni Show virstellen. De Fonke soll iwwersprangen. Um Enn soll d’Stëmmung d’Wieler a Wielerinne matrappen.

D’Ried vu sengem Liewen

Fir de Coach a Familljepapp Tim Walz, deen als de buedemstännege Mann vum Land an d’Vitrinne gestallt gëtt, war et déi lescht Nuecht wuel seng wichtegst Ried a senger Karriär.

“Mir hu 76 Deeg. Dat ass näischt. Zäit fir ze schlofen ass, wann Dir dout sidd. Mir bleiwen um Terrain. Sou wäerte mer weiderkommen. Sou wäerte mir d’Säit Donald Trump dréinen. Sou wäerte mir e Land opbauen, wou sech fir d’éischt ëm d’Aarbechter gekëmmert gëtt. Wou Gesondheetsversuergung a Wunne Mënscherechter sinn. A wou d’Regierung, der Däiwel, aus Ärer Schlofkummer eraus bleift.”

De Message un d’Wieler vun den Demokraten ass kloer: “Wa mer kämpfen, da gewanne mer!”

“Kämpferesch” an “optimistesch” Stëmmung

Eisen RTL-Korrespondent Philip Crowther war fir eis zu Chicago op dem Parteidag vun den Demokraten. D’Stëmmung um Kongress a bannent der Partei géif e komplett anert Bild ofginn, wéi nach virun engem Mount, esou de Philip Crowther. Et géif Ähnlechkeeten zu 2008 opweisen, wéi deemools de Barack Obama d’US-Presidentielle fir sech entscheede konnt.

Den Obama war - wéi nach aner Ex-Presidenten, wéi de Bill Clinton oder och den aktuelle Staatschef Joe Biden - och opgetrueden an huet Riede gehalen. Um Kongress vun de Republikaner dogéint ware weder den Ex-President George W. Bush nach dem Donald Trump säi fréiere Vize Mike Pence present. Eisem RTL-Korrespondent no géif och dat e wichtege Kontrast weisen: “Et gesäit een, datt déi ganz Demokratesch Partei ganz kloer hannert dem Kamala Harris steet.”

Trotz ville positiven an hoffnungsvolle Riede wier awer z’erwaarden, datt d’Course ëm dat Wäisst Haus eng ganz knapp wäert ginn, sou nach de Philip Crowther.

Back to Top
CIM LOGO