Den islänneschen Ausseministère huet en Dënschdeg matgedeelt, datt een den US-Ambassadeur abestallt hätt, nodeems de President Donald Trump eng Kaart verëffentlecht huet, op där den Inselstaat als Deel vun de Vereente Staaten duergestallt ass. "D'Ausseministerin Thorgerdur Katrin Gunnarsdottir huet gëschter [e Méindeg, n.v.d.R.] den US-Ambassadeur abestallt, fir him kloerzemaachen, datt dat Bild komplett dernieft war", huet de Ministère an enger Stellungnam géigeniwwer AFP erkläert.
Den Trump hat e Méindeg op senger Plattform Truth Social e Bild mat enger Kaart vun Nord- a Mëttelamerika gepost, op där Länner wéi Kanada, Grönland, Mexiko, Honduras, Kuba, Nicaragua, Dominikanesch Republik, Puerto Rico an och Island an de Faarwe vum US-Fändel duergestallt sinn. Déi ganz Landmass ass mat "Vereent Staate vun Amerika" beschrëft an d'Bild gouf ouni weider Erklärung publizéiert.
Island ass a Sécherheetsfroen u Washington gebonnen, well déi subarktesch Insel zanter hirer Onofhängegkeet am Joer 1944 keen eegent Militär méi huet. Et ass Grënnungsmember vun der NATO an huet zanter 1951 e bilateraalt Verdeedegungsofkommes mat den USA.
Den Trump huet a leschter Zäit ëmmer nees Menacë widderholl, d'Kontroll vu Grönland ze iwwerhuelen, dat manner wéi 300 Kilometer wäit fort vun der islännescher Insel läit. Och den Handelskonflikt mat Kanada huet Island an deene leschte Woche scho veronséchert. Den 30. August hat eng knapp Majoritéit vun den Islänner an engem Referendum dogéint gestëmmt, fir EU-Bäitrëttsgespréicher ze féieren.