Nei RichtlinnenUS-Medienautoritéit verflicht Talkshowen zu gläicher Sendezäit fir all politesch Kandidaten

Ian Pocervina
D'US-Medienautoritéit FCC huet e Mëttwoch nei Richtlinnen erausginn, déi Talkshowen dozou verflichten, politesche Kandidaten am Walkampf onofhängeg vun hirer Partei déi selwecht Sendezäit ze ginn.
Am September 2025 hu Leit virum El Capitan Entertainment Centre, wou "Jimmy Kimmel Live!" gefilmt gëtt, protestéiert, nodeems d'Sendung ofgesat gouf.
Am September 2025 hu Leit virum El Capitan Entertainment Centre, wou “Jimmy Kimmel Live!” gefilmt gëtt, protestéiert nodeems d’Sendung ofgesat gouf.
© J.W. HENDRICKS/NurPhoto via AFP

Déi US-amerikanesch Autoritéit fir Medien a Kommunikatioun, d’FCC, huet e Mëttwoch nei Richtlinne fir Talkshowen erausginn a weisen dës domadder un, politesche Kandidate vu béide Parteien déi selwecht Zäit an hiren Diffusiounen ze ginn. D’FCC kippt domat eng Praxis, déi zënter 2006 gegollt huet a Senderen erlaabt huet, esou Interviewen als redaktionell Noriichten ze behandelen an doduerch eng Reegel ze ëmgoen, déi beseet, datt Sendere Kandidaten am Walkampf déi selwecht Zäit musse ginn.

Wéi et vun der FFC heescht, géingen et keng Beweiser dofir ginn, datt déi aktuell Talkshowen d’Krittäre fir esou eng Ausnam géifen erfëllen. Mat den neie Richtlinne géing een elo d’Senderen un hir “Obligatioun” erënneren, alle Kandidaten déi selwecht Opportunitéiten ze ginn, sou den FFC-President Brendan Carr op X.

Och wann hie grad mat Grönland-Negociatioune beim Weltwirtschaftsforum zu Davos beschäftegt ass, huet och den Donald Trump d’Decisioun op senger Plattform Truth Social gedeelt.

Schonn am Hierscht d’lescht Joer hat dem Donald Trump seng Regierung den Drock op Talkshowen erhéicht. Emissioune wéi “Jimmy Kimmel Live!” oder och nach “The View” goufen duerfir vum FFC-President an d’Viséier geholl, well dës ze favorabel vis-à-vis vun den Demokrate wieren.

Zougespëtzt hat sech dat Ganzt dunn nom Doud vum konservativen Influencer Charlie Kirk, well den Jimmy Kimmel den US-President a senger Sendung beschëllegt hat, net wierklech ëm säin angebleche Frënd ze traueren. Dem Kimmel seng Sendung war kuerz drop vum Sender ofgesat ginn, awer no e puer Deeg nees an de Programm geholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO