Donald Trump melltKader fir Grönland-Ofkommes erreecht, dofir keng Stroftaxen op den 1. Februar

RTL mat AFP
Den Donald Trump wëll Grönland kafen. Noutfalls wëll hie mat Taxen e Verkaf erzwéngen. Vun där Positioun réckt hien elo awer of.
US President Donald Trump (R) speaks with NATO’s Secretary-General Mark Rutte during a bilateral meeting on the sidelines of the World Economic Forum (WEF) annual meeting in Davos on January 21, 2026.
Den US-President Trump (riets) mam Nato-Generalsekretär Mark Rutte (lénks) wärend engem Treffen um Weltwirtschaftsforum zu Davos den 21. Januar 2026.
© AFP

Den US-President Trump wëll seng Menace vu Stroftaxe géint europäesch Länner op den 1. Februar elo dach net realiséieren. Als Grond dofir huet den Donald Trump a sengem Post op der Plattform Truth Social dorop verwisen, datt bei engem Treffe mam Nato-Generalsekretär Mark Rutte e Kader fir en Ofkommes fir Grönland an déi ganz Arktisregioun erreecht gi wier. Wat genee an deem Accord stoe soll, huet den Trump net gesot.

Dës Léisung wäert, wa se ëmgesat géing ginn, fir d’USA an all d’Nato-Membere vu groussem Notze sinn, huet den Trump betount. “Op der Basis vun deem Ofkommes wäert ech d’Taxen, déi den 1. Februar a Kraaft triede sollten, net verhänken.”

Bei engem kuerzen Optrëtt viru Journalisten zu Davos sot den Trump, den Accord géing den USA “alles bréngen, wat mir wollten”. E wäert “onbegrenzt” Wierkung hunn a géing Beräicher wéi militäresch Sécherheet wéi Rostoffer ëmfaassen. Vun Dänemark a Grönland gouf et virop keng Confirmatioun zu den Aussoe vum US-President.

Donieft huet den Donald Trump annoncéiert, datt weider Gespréicher zum “Golden Dome” lafe géingen. Hien hätt schonn e puer Mol betount, datt Grönland elementar wier fir den Opbau vun der geplangter Rakéitenofwier. Den US-Vizepresident JD Vance, den Ausseminister Marco Rubio, de Vertrieder Steve Witkoff an anerer géingen d’Verhandlunge fir d’USA leeden. Wourëm et bei de Verhandlungen am Detail geet, huet den Trump oppe gelooss.

E Samschdeg hat den US-President mat Verweis op de Grönland-Konflikt Stroftaxe géint aacht europäesch Staaten annoncéiert - alles Nato-Länner, déi Widderstand géint dem Trump seng Uspréch op d’Insel geäussert hunn.

Eigentlech wollt den Donald Trump op den 1. Februar Taxen an Héicht vun 10 Prozent verhänken, vum 1. Juni dann an Héicht vu 25 Prozent. Dat op all Wueren, déi an d’USA geschéckt ginn. Aktuell gëllen zanter dem Summer fir déi meescht EU-Exporter an d’USA Taxen an Héicht vu 15 Prozent.

Fir en Donneschdeg ass en EU-Spezialsommet geplangt, bei deem et ëm den Ëmgang mat den Taxe-Menacë vum Trump geet. Dëse soll weiderhi sinn, sot eng Spriecherin vum Rotspresident António Costa.


Weider Artikelen zum Theema:

Back to Top
CIM LOGO