
E 17 Joer ale Mann hätt an engem Restaurant ugefaangen ze schéissen an dobäi zwou Persounen ëmbruecht. Uschléissend hätt den Täter zwou weider Persounen erschoss, éiert hie mat engem Auto flüchte konnt. Aacht Persounen am Restaurant goufe verwonnt. D'Police huet e Groussasaz lancéiert, fir de Flüchtegen ze fannen.
An deene leschte Méint koum et an der Tierkei, trotz strenge Waffegesetzer, méi dacks zu déidleche Schéissereien, virun allem a Schoulen. Bei engem Amoklaf an enger Schoul zu Kahramanmaras waren am Abrëll 9 Persounen erschoss ginn.