
De 7. Abrëll sollte Polizisten dee Mann am Kurpark zu Prüm kontrolléieren. Deen huet sech gewiert an huet engem Beamten d'Déngschtwaff ofgeholl. An der Suite hunn de Mann an eng Polizistin e puer mol openee geschoss. D'Fra gouf um Been blesséiert. Den Täter war mat der Waff fortgelaf a konnt Owes gestallt ginn. Beim Täter gouf eng psychesch Krankheet festgestallt. D'Landgeriicht Tréier muss lo driwwer befannen op d'Uklo kann zougelooss ginn.