AfD-SuccèsWie regéiert an Zukunft Sachsen-Anhalt?

Annick Goerens
Dag zwee no de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt, bei där d'AfD als grousse Gewënner erauskoum. D'CDU ass vu 40 op 15 Sëtz ofgestierzt an eng Regierungsbildung gëllt weiderhin als schwiereg.
Policemen walk past Saxony-Anhalt's state parliament in Magdeburg, eastern Germany, during state elections in Saxony-Anhalt on September 6, 2026.
Police virum Parlament zu Magdeburg wärend de Walen a Sachsen-Anhalt de 6. September 2026.
© AFP

D'Wieler hunn hir Parteien an eng schwiereg Situatioun eragewielt. D'Alternativ fir Däitschland ass bei de Landtagswale mat 43,8 Prozent kloer stäerkst Kraaft ginn, mee huet keng absolutt Majoritéit a brauch dofir e Partner, fir regéieren ze kënnen. Den AfD-Spëtzekandidat Ulrich Siegmund: "Wir werden selbstverständlich Gespräche führen und schauen, ob es entweder - und das ist eine ganz entscheidende Botschaft heute - einzelne Fraktionen oder einzelne Abgeordnete geben wird, die mit uns diese historische Aufgabe stemmen wollen."

Déi meescht aner Parteien hunn allerdéngs keen Interessi dorun, ausser eventuell d’BSW, d’Bündnis Sahra Wagenknecht. Mat ronn 5,3 Prozent vun de Stëmme si si op eemol zum sougenannte "Königsmacher" ginn. Eigentlech ginn et och eng Rei Gemeinsamkeeten tëscht dem BSW an der AfD, notamment eng frëndlech Astellung zu Russland oder d'Fuerderung, fir d'Migratioun méi staark ze begrenzen. Mee bis ewell huet d’BSW eng fest Koalitioun mat der AfD ëmmer refuséiert. D’Spëtzekandidatin vum Bündnis, d'Claudia Wittig, huet wësse gedoen, dass si weder een AfD- nach een CDU-Spëtzekandidat als Ministerpresident wäert wielen. Si huet awer an Aussicht gestallt, dass een op eenzele Projete parteiiwwergräifend kéint matenee schaffen. Si hutt d'Iddi opbruecht, fir een iwwerparteilechen Ministerpresident oder Presidentin en place ze setzen. Esou eng Iddi kënnt awer fir d’AfD natierlech guer net a Fro. De Chef vun der AfD Tino Chrupalla sot e Méindeg op der däitscher Tëlee, dass et just ee Ministerpresident ka ginn, nämlech den Ulrich Siegmund.

Wie regéiert an Zukunft Sachsen-Anhalt? / Reportage Annick Goerens

Eng aner Optioun, déi theoretesch méiglech ass, wier eng Allianz vun alle Parteie géint d’AfD. CDU, SPD, déi Gréng, déi Lénk an d’BSW kéimen zesummen op 44 Sëtz, also eng absolutt Majoritéit. Allerdéngs ass de Succès vun esou Koalitioune relativ geréng. An d'Bündnis Sahra Wagenknecht hutt schonn ugekënnegt, dass dat fir si net a Fro kënnt.

Och den aktuelle Ministerpresident Sven Schulze ass ganz däitlech: "Wir haben hier keinerlei Regierungsauftrag mehr durch die Wählerinnen und Wähler bekommen. Der liegt nicht mehr bei uns. Und wir werden unsere Rolle, wenn dann eine neue Regierung gewählt ist, in der Opposition sehen." 

Enn November/Ugangs Dezember soll dann och an der CDU eng nei Parteispëtzt gewielt ginn. Dat huet de Sven Schulze annoncéiert. Hie selwer hätt den Ament net geplangt, nees ze kandidéieren.

Back to Top
CIM LOGO