Viru Küst vu BulgarienZwee Handelsschëffer bei Dronenattack getraff, eng Crew gëtt vermësst

RTL mat AFP
Ronn 150 Kilometer vun der bulgarescher Küst ewech goufen zwee Handelsschëffer vun Dronen attackéiert, een Dag nodeems virun der rumänescher Küst schonn ee Schëff vu russeschen Drone getraff ginn an ënnergaange war.
De bulgaresche Premier Rumen Radev huet nom Virfall direkt eng Krisesëtzung aberuff.
© Photo by NIKOLAY DOYCHINOV / AFP

Bei enger Dronenattack am Schwaarze Mier virun der Küst vu Bulgarien goufen en Dënschdeg zwee Handelsschëffer getraff, vun deenen eent ënnergaangen ass. Wéi de Chef vun der Séinoutrettung zu Warna Rumen Nikolov en Dënschdeg am ëffentlech-rechtleche Radiosender BNR sot, géif d'Besatzung vum Schëff, dat ënnergaangen ass, vermësst ginn. D'Crew vum zweete Schëff konnt dogéint gerett ginn. D'Regierung huet matgedeelt, datt direkt eng Krisesëtzung aberuff gi wier.

No den Informatioune vum BNR wier eng Rettungsaktioun ronn 150 Kilometer ëstlech vun der Küstestad Byala gelaf. Dat bulgarescht Fach-Portal Maritime.bg hat gemellt, datt ee Schëff ënnert dem togoleeseschem Fändel schwéiere Schued agestach hat, éier et ënnergaangen ass. Donieft wier op engem Schëff ënnert dem Fändel vu Palau e Feier ausgebrach. Déi 18 Crewmembere vun deem Schëff konnte mat enger bulgarescher Fär a Sécherheet bruecht ginn.

De Virfall ass een Dag no enger Dronenattack op en tierkescht Frachtschëff virun der Küst vu Rumänien geschitt, bei deem u Bord zwou Persounen ëm d'Liewe komm sinn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet dofir zwou russesch Drone responsabel gemaach.

Wéinst dem Ukrain-Krich kënnt et um Schwaarze Mier ëmmer rëm zu Virfäll mat Dronen. Der tierkescher Handelschamber fir Séifaart no goufen zanter dem Ufank vum Krich 226 zivil Handelsschëffer am Schwaarze Mier attackéiert, d'Majoritéit dovun an dësem Joer.

Back to Top
CIM LOGO