Op der Aarbecht ugestachZwee Mataarbechter vu Fuchhafen zu Frankfurt u Malaria gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Nodeems sech dëst Joer am Ganze sechs Mataarbechter vum Fluchhafen zu Frankfurt mat Malaria ugestach haten, sinn zwee vun hinnen un de Suitte vun der Infektioun gestuerwen.
Malaria gëtt iwwer Mécke wéi Mustiken iwwerdroen.
Malaria gëtt iwwer Mécke wéi Mustiken iwwerdroen.
© Lipso Kozerga

Den éischten Doudesfall hätt et der Gesondheetsautoritéit vu Frankfurt no schonn Ufank Juli ginn, deen zweeten am August.

D'Mataarbechter hu sech engem Spriecher vum Fluchhafen no bei hirer Aarbecht mat der sougenannter Fluchhafemalaria ugestach. Warscheinlech war eng infizéiert Méck, déi an engem Fliger an Däitschland koum, de Grond dofir. Déi éischt véier Infektioune ware Mëtt Juli bekannt ginn. Dem Robert-Koch-Institut no ass dovun auszegoen, datt d'Infektioune vun enger Anopheleesméck kéimen.

Normalerweis kënnt Malaria an Däitschland nëmme bei Leit vir, déi sech am Ausland infizéiert hunn. D'Fluchhafemalaria ass dem RKI no éischter rar, de leschte Fall wier 2023 dokumentéiert ginn. Fir déi Betraffe kéint dat bedeiten, datt si eréischt spéit diagnostizéiert ginn.

Um Fluchhafen zu Frankfurt wieren elo Méckefalen installéiert ginn. D'Mustiken, déi dora gefaange ginn, ginn am Tropeninstitut zu Antwerpen an der Belsch geneetesch analyséiert, fir d'Originn an d'Aart ze bestëmmen. De Fluchhafen huet donieft all d'Mataarbechter informéiert a si gefrot, bei Krankheetssymptomer bei en Dokter ze goen an dorop hinzeweisen, datt si um Fluchhafe schaffen an et do Fäll vu Fluchhafemalaria géing ginn.

Back to Top
CIM LOGO