Seelen InfektiounVéier Mataarbechter vu Fluchhafen zu Frankfurt mat Malaria ugestach

AFP, iwwersat vun RTL
Um Fluchhafen zu Frankfurt goufe véier Fäll vu sougenannter Fluchhafemalaria registréiert.
Am Frankfurter Flughafen sind vier Beschäftigte an Malaria erkrankt. Wie das Robert Koch-Institut (RKI) in Berlin mitteilte, ist davon auszugehen, dass die Infektionen von einer per Flug importierten Anophelesmücke stammen.
Malaria gëtt vu Mustiken iwwerdroen
© AFP/Archiv

Um Fluchhafen zu Frankfurt si véier Mataarbechter u Malaria erkrankt. Wéi de Robert-Koch-Institut (RKI) e Freideg matdeelt, ass dovun auszegoen, datt d'Infektioun vun enger Anophelesméck kënnt, déi an engem Fliger matbruecht gouf. De Fall wier besonnesch, well an Däitschland bal nëmme Leit vu Malaria betraff sinn, déi sech am Ausland infizéiert hunn.

Eng sougenannt "Fluchhafemalaria" ass dem RKI no relativ seelen an Däitschland. Fir déi Betraffe kéint dat eng spéit Diagnos bedeiten, well Malaria dacks mat Vacancieren a Relatioun bruecht géing ginn. Eng spéit Diagnos géing allerdéngs och de Risk fir e schwéiere Krankheetsverlaf erhéijen.

Den RKI appelléiert dowéinst un d'Dokteren, besonnesch am Summer och eng seele Fluchhafemalaria als Diagnos a Betruecht ze zéien, wann d'Patienten op Fluchhäfe mat interkontinentale Verbindugnen oder an der Géigend dovu schaffen.

De leschte Fall vun enger Fluchhafemalaria war dem RKI no 2023 an Däitschland registréiert ginn. Och deemools war de Frankfurter Fluchhafe betraff. Déi aktuell Infektioune gi vun der Santé zu Frankfurt ënnersicht.

Back to Top
CIM LOGO