SlowakeiZweet Doudesaffer no Messerattack a Schoul

AFP, iwwersat vun RTL
No der Messerattack vun engem 13 Joer ale Jong an enger Schoul an der Slowakei ass en zweet Affer gestuerwen.
Nach einem Messerangriff eines 13-Jährigen an einer Schule in der Slowakei ist ein zweites Opfer gestorben. Eine schwer verletzte Schülerin erlag ihren Verletzungen. Bereits am Dienstag war eine 61-jährige Lehrerin getötet worden.
En Dënschdeg war e Schüler an der Slowakei mat engem Messer op Enseignanten a Schüler lass gaangen.
© TA3/AFP

Eng Schülerin, déi bei der Attack en Dënschdeg zu Staskov uerg blesséiert gi war, ass un hire Blessure gestuerwen, wéi den Educatiounsminister Tomas Drucker en Donneschdeg matdeelt. De presuméierten Täter hat schonn eng 61 Joer al Enseignante ëmbruecht.

Eng weider 44 Joer al Enseignante war beim Ugrëff duerch e Stéch an der Broscht blesséiert a behandelt ginn. D'Schülerin war den Autoritéiten no mat engem hämorrhagesche Schock an d'Spidol komm.

De presuméierten Täter gouf an eng zoue Struktur bruecht. D'Police ermëttelt géint hie wéinst Mordverdacht. Den Inneminister Sutaj Estok huet erkläert, datt d'Police scho fënnef Deeg virun der Dot eng Plainte vun der Schoul krut. Wourëm et dora goung, sot hien net. De Minister huet ausserdeem dovu geschwat, den Alter fir déi strofrechtlech Responsabilitéit erofzesetzen. Aktuell läit den Alter an der Slowakei bei 14 Joer.

Eréischt e Mëttwoch war e Jugendleche wéinst enger Messerattack an enger anerer slowakescher Schoul zu 25 Joer Prisong verurteelt ginn. Hien hat am Januar 2025 e Matschüler an e Proff ëmbruecht an ee weidere Schüler blesséiert. 2020 war bei enger Messerattack an enger Grondschoul an der Slowakei nach en Enseignant gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO