
De Kommentar vum « Bradler 22 » op rtl.lu zu mengem Lieserbréif: « Et ass net d'Gemeng (weeder zu Woltz nach soss irgendwous), die Zigarettestömmt an aaneren Dreck op d'Stroos an an d'Landschaft geheit.Gemengenarbechter machen hirt Bescht fir ze botzen. Mee...git emol direkt nom Passage vun der Botzequipe kucken, wei schein propper Stroossen, Grenganlagen etc sin. An da git nach eng Keier no enger Stonn kucken...oft geseit et dann aus wei wann nie gebotzt gin wir…Schreift w.e.g eng Kritik iwer dei Leit, die alles verschmotzen well keng Gemeng kann 20 mol am Dag Botzequipen, matt welechen Maschinen och ömmer eraus schecken. mbg »
Merci fir ären Kommentar an anerer, wann och verschiedener just Gemeckers waren!
Jo dir kéint Recht hon domat, och wann ech nach dobei bleiwen dat déi aal Kierbischt oft méi effektiver as, wéi opwendeg grouss Arbechtsmaschinen, ze mol opsou Bus-Arrêt’en.
Awer ech froen e mech wisou da kéng Intiativen ergraf gin, fir déi Strossen- an d'Stadverschmotzer ze bestrofen?
Et gin dach Gesetzer, bal fir alles, oder as dat just bei eisen Noperen, wou ewech geheien vun Dreck an Zigarettenkippen op Stross, verbueden as!
Ma dann soll do mol durchgegraf gin, an sanktionéiert gin! E Gesetz aleng get nët duer, wann et doudegen Buchstaff bleiwt!
Ech verstin och dat d ‘Gemeng nët kann al Dag Zigarettenkippen ansammelen gon! Awer dann muss déi Malaise vun den Zigarettenkippen ewech ze puchen, mat aneren Methoden strenger ugepaakt gin!
Wann en lanscht eng d’Strooss wunnt, an och nach wéi ech bei engem Bus-Arrêt virun der Diir, dann as en jo duebel mat dem Zigarettenkippen geplot!
An wann de Bus da kéint, da fléien Kippen op den Bueden! Well do steet 1. ké Verbuetsschë’d, nach 2. och keng Dreckskëscht um Busarrêt, - dofir hot och kén en Protokoll ze fãrten?
Macht also Neel mat Kãpp!
Vitesselimitatiounen gin och just durch Verboter an weinst de Protokollen am Strossenverkéier respektéiert!
Es gibt ja auch noch die gesetzliche Bestrafung der Täter, welche die Strassen und Gehwege zum Müllplatz machen, wenn sonst nichts mehr fruchtet!
Nãischt man oder halwen Sachen ännert näischt!
Et get vill iwert é Fëmmverbued am öffentlechen Raum diskutéiert, awer d’Verbuet an Sanktionéieren vum Ewechgeheien vun de Kippen wär schon mol gud!