Äntwert op parlamentaresch Fro1.300 ASBLen net en règle mam RBE-Gesetz

RTL Lëtzebuerg
Police a Parquet hunn iwwert de Summer Kontrolle gemaach, ob d'Dispositioune vum Gesetz iwwert de "Registre des Bénéficiaires Effectifs” agehale goufen.

An dee Regëster musse sech jo all Firmen an ASBLen androen. Entreprise mussen hir Bilanen hannerleeën, fir d’ASBLen ass dat fakultativ.

Dëst ass eng Obligatioun, déi bei ville Veräiner, déi op Basis vum renge Benevolat fonctionéieren, fir Kappzerbrieches a méi administrativ Demarchë suergt.

Well d’Obligatiounen zanter dem Aféiere vum RBE-Regëster net agehale goufen, hu missten eng 2.600 Rappeller un ASBLe verschéckt ginn. Et koum dann och a méi wéi 100 Fäll zu Procès-verbauxen, déi dem Parquet iwwermëttelt goufen.

Doropshin hu Veräiner sech opgeléist oder awer hir Situatioun regulariséiert.

Wann d’ASBL awer nach ëmmer net kooperéiert, kann eng Geldstrof geschwat ginn, dëst nieft enger méiglecher geriichtlecher Opléisung. Bis haut gouf awer nach kee President oder eng ASBL wéinst Verstéiss géint d’RBE-Gesetz poursuivéiert.

Aktuell sinn eng 8.700 Veräiner am RBE ageschriwwen - eng 7.400 dovu si konform, wat engem Taux vu 86% entsprécht. Deemno sinn 1.300 Clibb net konform.

Et war de Piraten-Deputéierte Sven Clement, deen dës Froen an enger parlamentarescher Fro un d’Ministere Sam Tanson an Henri Kox opgeworf hat. Basis fir d’Fro war de Fall vun engem benevollen ONG-President, bei deem 3 Poliziste wéinst enger Irregularitéit am RBE doheem virstelleg goufen, an dee säi Fall um Facebook public gemaach hat.

Verstéiss géint d’RBE-Gesetz kënne mat Geldstrofe sanktionéiert ginn, déi vun 1.250 Euro bis 1.250.000 Euro goe kënnen.

Back to Top
CIM LOGO