Den Ierfgroussherzog Guillaume an seng Fra Stéphanie waren dann um Virowend vum Nationalfeierdag traditionell zu Esch.

Bei dëse Feierlechkeeten an der Minettemetropole stoungen ënnert anerem eng Gedenkzeremonie an e Cortège duerch d'Uelzechtstrooss um Programm.

Ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch
Et ass Traditioun, datt den zukünftege Groussherzog a seng Fra d'Minettemetropole um Virowend vun Nationalfeierdag besichen.