Et schéngt, wéi wann eng nei Zecken-Zort et op Lëtzebuerg gepackt hätt.

Zu Diddeleng ass een eenzege Fall vun der sougenannter Hyalomma-Zeck fonnt ginn. Déi ass méi grouss wéi déi heemesch Zecken-Zorten a kann a verschiddene Fäll och Krankheeten iwwerdroen, wéi d’Krim-Kongo-Féiwer oder Flecke-Féiwer.

AUDIO: Hyalomma-Zeck: De Reportage vum Annick Goerens

Dat schreift d’Tageblatt op hirem Internetsite a krut dat vun der Inspection sanitaire vun der Santé confirméiert, déi sech op de Naturmusée berifft.

Bei der Hyalomma-Zeck handelt et sech ëm eng Aart, déi éischter a Südeuropa, Asien an Afrika doheem ass. Si gouf an der Lescht awer och méi dacks an eise Géigenden nogewisen. Bei eisen däitschen Nopere schwätze se vun enger "Superzecke". Virop well se e bëssen eng aner Manéier huet wéi eis heemesch Plogeeschter, déi mir kennen, erkläert d'Elisabeth Kirsch, Naturschutzberoderin bei Natur- an Ëmwelt, am RTL-Interview.

AUDIO: D'Elisabeth Kirsch

D’Hyalomma géif awer net geziilt Mënschen attackéieren. Villercher an aner Déieren wieren den Haaptwiert, sot den Dr Alexander Weigand dem Tageblatt géintiwwer.

Ob d’Zeck déi zu Diddeleng fonnt gouf méiglech Krankheets-Erreeger a sech hat, kéint net méi festgestallt ginn. Sollt een awer eng Hyalomma lieweg , agefruer oder an Alkohol ageluecht bruecht kréien, wier den Naturmusée staark interesséiert.