De Südweste vum Land, virun allem Péiteng a Käerjeng, gouf zolidd getraff. Fir Concernéierter gouf eng Hotline ageriicht, d'Nummer ass 8002 8080.

E Samschdeg de Moien géint 9.30 Auer war eng Pressekonferenz vun ënner anerem dem Aarbechtsminister Dan Kersch, deen d'Inneministesch Taina Bofferding ersetzt, an dem Direkter vum CGDIS dem Paul Schroeder zu Käerjeng am Kulturhaus. Hei si si, zesumme mat dem Péitenger Buergermeeschter Pierre Melina an dem Vertrieder vun der Käerjenger Gemeng Fränk Pirrotte, op d'Schied agaangen, déi a béide Gemengen entstaane sinn. Donieft gouf annoncéiert, datt d'Arméi mobiliséiert gouf, fir an der Regioun ze hëllefen an datt de Regierungsrot um Samschdeg den Owend zesumme kënnt, fir iwwer weider Moossnamen an Hëllefen ze diskutéieren.

Et gëllt weider opzepassen

AUDIO: Paul Schroeder iwwert Tornado / Interview Nadine Gautier

Well och nach fir e Samschdeg Wand gemellt ass, ass et dann den Appell un d'Leit, sech net op Plazen opzehalen, wou scho vill Schued gemaach gouf. Et kéint nämlech sinn, datt duerch de Wand weider Deeler erof kéinte falen.

Donieft präziséiert den Direkter vum CGDIS Paul Schroeder am RTL-Interview, datt d'Leit Ofspärunge respektéiere sollen, fir sech selwer net a Gefor ze bréngen. Esou ass et geféierlech, sech bei den ëmgekippte Héichspannungsleitung opzehalen, well dës kéint räissen.

Regierung huet Krisencellule ageruff

D'Regierung huet eng Cellule de crise aktivéiert, an där 11 Acteuren zesummesëtzen, dorënner den Haut-Commissariat à la Protection Nationale, d'Police, de CGDIS oder nach d'Arméi.

Och franséisch Rettungsekippe goufen als Renfort geruff.

D'Situatioun géing reegelméisseg evaluéiert an de Public informéiert ginn.

Fir Concernéierter gouf eng Hotline ageriicht, d'Nummer ass 8002 8080.

Am Schreiwes vun der Regierung kuerz no 23 Auer e Freideg den Owend geet Rieds vu 19 Blesséierter, dorënner der 2 méi uerg. Eng Persoun ass an engem kriteschen Zoustand, dat nodeem si en Häerzinfarkt gemaach huet. An der Noutruffzentral sinn tëscht 17 an 21 Auer iwwer 1.000 Uriff erakomm.

Wat de materielle Schued ugeet, do sinn engem éischte Bilan no zu Käerjeng eng 100 Haiser duerch de Wand beschiedegt ginn. Bei 25 bis 30 Gebaier gouf den Daach komplett respektiv deels ofgedeckt. Zu Péiteng goufen eng 60 Haiser beschiedegt.

E Freideg den Owend huet sech de fréieren Inneminister an elo Aarbechtsminister Dan Kersch da mat den Membere vun der Krisecellule op d'Plazen deplacéiert, déi besonnesch vill vum Tornado betraff waren.

Wat kann ee maachen?

Leit vu Käerjeng, déi um Freideg den Owend net kënnen doheem schlofen, konnten an de Kulturzenter "Käerjenger Treff" goen, fir vun der Gemeng gehollef ze kréien.

Leit vu Péiteng, déi och d'Nuecht net an hirem Doheem kënne verbréngen, konnten an d'Sportshal Bim Diederich an der Rue Pierre Hamer goen.

Den Tornado hat am Süde vum Land och Stroummaste matewechgerappt. Och wa kee Stroum méi fléisst, sollen d'Leit sech vun hinnen ewech halen, well weiderhi Gefor besteet.

D'Stroumversuergung an der Regioun an och soss am Land ass trotzdeem séchergestallt.

E Freideg den Owend huet de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel iwwert déi sozial Netzwierker matgedeelt, datt d'Regierung de betraffene Leit géing zur Säit stoen.

Käerjeng: Groussen Akafszenter bleift um Samschdeg zou, e Sonndeg nees op

Um Samschdeg de Moien huet Cactus matgedeelt, datt hiert d'Geschäft zu Käerjeng wéinst de Schied vum Wieder de ganze Samschdeg iwwer wäert zoubleiwen. Déi aner Geschäfter vum Reseau sinn awer zu den üblechen Auerzäiten fir d'Clienten op.

Cactus Bascharage vous informe , que suite aux violentes intempéries de ce vendredi soir et sur décision des autorités compétentes, notre magasin de Bascharage reste fermé ce samedi. Tous les autres magasins de notre réseau sont ouverts aux horaires habituels.

Um Samschdeg de Mëtteg kuerz viru 17 Auer war et d'Meldung, dass de Buttek e Sonndeg nees vun 8 bis 13 Auer op huet.

Le Cactus de Bascharage peut ouvrir ses portes et vous accueillir, comme d’habitude ce dimanche de 8.00h à 13.00h. L’ensemble du groupe Cactus remercie chaleureusement toutes les personnes impliquées et qui ont aidé à faire le nécessaire pour débloquer la situation.

RTL huet nom Tornado mat 2 concernéierten Awunner vu Käerjeng geschwat

Am Video vum Moreno Spano ass ze gesinn, wéi Stroummasten am Süde vum Land einfach ëmknécken.

Wat war geschitt?

Et ware Biller, déi een zu Lëtzebuerg net gewinnt ass. De Raum Péiteng a Käerjeng gouf um Freideg am fréien Owend vun engem Tornado getraff. D'Police an de CGDIS schwätze vu 14 Blesséierten, dovunner 2 méi uerg verwonnten, déi am Spidol hu misste bleiwen. De Materialschued ass enorm. Vu Frankräich an der Belsch erfort waren Donnerwiederen an d'Land era gezunn. Kuerz viru 18 Auer hat sech dunn am Raum Péiteng/Käerjeng en Tornado forméiert, Wandspëtzte vu bis zu 128 Kilometer an der Stonn goufe gemooss.

Vun enger Sekonn op déi aner wier alles duerch d'Luucht geflunn, hunn Aenzeie beschriwwen.

Vill Haiser goufe beschiedegt, d'Diech goufe matewechgerappt. De Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina sot am RTL-Interview, datt a senger Gemeng bal honnert Diech ofgedeckt goufen.

AUDIO: Extrait Pierre Mellina

Eng Rei Leit hu missten aus hiren Haiser a Wunnengen eraus, si koumen ënnert anerem an engem Hotel ënner. Wéi et an engem Schreiwes vun der Krisen-Cellule heescht, wieren zu Péiteng eng 30 Diesch komplett mat ewechgerappt ginn, u 50 Haiser wier grousse Schued um Daach entstanen. Zu Käerjeng sinn ronn 100 Haiser duerch de staarke Wand beschiedegt ginn.

Och soss ass ganz villes futti: Autoe goufe beschiedegt oder zerstéiert, Beem, Stroosseluuchten a Schëlter sinn ëmgefall. Objete sinn duerch d'Géigend geflunn. Eng Rei Stroossen am Süde vum Land hu wéinst de Wiederkonditioune misste gespaart ginn, am ganzen Eck hat et wärend Stonnen zolidd gestaut. Plazeweis gouf och kee Stroum.

Um 19.30 Auer koum d'Nouvelle vu Meteolux, datt d'Alerte eriwwer ass.

Tornado confirméiert

D'Meteorologe vu Kachelmannwetter confirméieren, datt et en Tornado war. Bei der Arrivée vun der Kalfront, sou wéi se vu Westen a Richtung Lëtzebuerg gezunn ass, kann et a rare Fäll zu sou enger "Funnel cloud", enger Triichterwollek, kommen, sou de Clemens Grohs vu Kachelmannwetter. Wann déi da widder de Buedem kënnt, forméiert sech en Tornado a genee dat ass e Freideg den Owend am Südweste vum Grand-duché geschitt.

AUDIO: Extrait Clemens Grohs (1)

De Meteorolog schwätzt iwwerdeems vun engem lokale Phenomen. En Tornado géif dacks just an enger Schneis vun e puer honnert Meter duerchzéien.

AUDIO: Extrait Clemens Grohs (2)

Awer och am Norden huet et esou zolidd gereent, datt zu Klierf an der Maarnecher Strooss d'Gullis-Deckelen deels oder ganz erausgespronge sinn, well se d'Waasser net méi gepackt hunn. Déi massiv Reemassen hunn deels d'Stroosse komplett iwwerschwemmt.

Wat d'Wiederprevisiounen ugeet wäert et lues a lues méi kloer ginn, bei Temperaturen, déi tëschent 14 an 18 Grad leien. Um Samschdeg kréie mer e Sonn-Wolleke-Mix, bei 21 bis 26 Grad. Schauere sinn net ausgeschloss an och de Wand wäert um Rendezvous sinn.

D'Editioun vun 20.30 Auer vum RTL-Journal

D'Editioun vun 19 Auer vum RTL-Journal

Videoe vum Tornado

© Météo France

Hei d'Schreiwes vun der Krisenzell vun der Regierung um 23.50 Auer

La cellule de crise qui s'est réunie sous la présidence du ministre Dan Kersch en remplacement de Madame la ministre de l'Intérieur Taina Bofferding a établi le bilan intermédiaire suivant:

Suite aux intempéries ayant touché le sud du pays, plus de 1000 appels sont entrés au Central des Secours d'Urgence 112 entre 17h00 et 21h00. La priorité des autorités a été dans un premier temps de s'assurer qu'aucune victime supplémentaire n'était à déplorer en faisant contrôler un par un les bâtiments impactés dans une zone s'étalant de Pétange jusqu'à Kaerjeng. Un premier bilan sur l'état des lieux et les besoins de sécurisation urgents des bâtiments impactés a été réalisé par le CGDIS.

Le bilan actuel des victimes est de 14 blessés dont 2 plus gravement.

Concernant les dommages matériels, un premier bilan fait état sur le secteur de Kaerjeng d'environ 100 maisons endommagées par le vent, dont 25 à 30 avec une découverte totale ou partielle de la toiture. Dans le secteur de Pétange, quelques 60 maisons endommagées ont été répertoriées.

Deux lieux d'accueil (LAVI) ont été mis en place afin d'accueillir toutes les personnes indemnes touchées par les intempéries, ceci en étroite collaboration avec les communes de Pétange et de Kaerjeng.

Les personnes touchées et nécessitant un relogement ou une autre forme de soutien peuvent se rendre aux adresses suivantes :

Commune de Pétange:
Hall Sportif Bim Diederich
Rue Pierre Hamer
Pétange Commune de Kaerjeng:
Kultur Haus - Käerjenger Treff
54c, Avenue de Luxembourg
Bascharage

Depuis ces lieux, le relogement des personnes est organisé avec les autorités communales.
Certains axes d'accès restent encore fermés à la circulation. Merci de respecter la signalisation mise en place, ainsi que les injonctions des agents sur le terrain.

Des pylônes de ligne électriques haute tension sont tombés. Bien que la ligne ait été mise hors tension, tout danger n'est pas écarté et il est strictement interdit à la population de s'en approcher. La couverture électrique dans la région et pour le reste du pays ne devrait pas être impactée et les travaux de réparation débuteront dès que possible.

Les mesures de déblayement et de sécurisation des maisons endommagées, dont la couverture provisoire des toits, s'étaleront certainement encore sur plusieurs heures voire plusieurs jours.

Une présence policière accrue sera garantie afin de sécuriser davantage les secteurs touchés.
Rappel est fait qu'une hotline destinée aux personnes touchées ou voulant prendre des nouvelles depuis l'étranger a été mise en place au numéro suivant : 8002 8080

La cellule de crise continue à suivre la situation et vous tiendra au courant de l'évolution de la situation.

Hei d'Schreiwes vun der Krisenzell vun der Regierung um 21.30 Auer

Intempéries sur le sud du Luxembourg (09.08.2019)

Communiqué par: cellule de crise gouvernementale/Haut-Commissariat à la Protection Nationale Dans la soirée du 9 août 2019, des intempéries qui ont touché le sud du pays ont fait d'importants dégâts dans les communes de Bascharage, Pétange et alentours.
Après concertation entre le Premier Ministre Xavier Bettel, la Ministre de l'Intérieur Taina Bofferding, ainsi que le Haut-Commissariat à la Protection Nationale, la cellule de crise gouvernementale prévue dans le plan d'intervention intempéries a été activée.
Composition de la cellule de crise :
• Le Haut-Commissariat à la Protection Nationale
• Le Corps grand-ducal d'incendie et de secours
• La Police Grand-Ducale
• L'Armée
• L'Administration de la gestion de l'eau
• L'Administration de la navigation aérienne
• L'Administration des ponts et chaussées
• Le Ministère de l'Energie et de l'Aménagement du territoire
• Le Service de la communication de crise
• CREOS
• Meteolux

A 21h00 le bilan officiel fait état de 7 personnes blessées, dont une plus sérieusement touchée, prises en charges par le Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM).

Les secours et les autorités communales se concertent sur place afin de coordonner les mesures et actions à prendre.

Une unité sauvetage-déblaiement française du Service Départemental d'Incendie et de Secours SDIS 57 a été demandée en renfort.

Les acteurs concernés continuent d'évaluer la situation et informeront la presse de l'évolution de la situation.

Une hotline destinée aux personnes touchées ou voulant prendre des nouvelles depuis l'étranger a été mise en place au numéro suivant : 8002 8080