De Premier Xavier Bettel huet viru Kuerzem e Sonder-Beoptraagten ernannt, deen d'Personal-Politik vum groussherzoglechen Haff soll duerchliichten.

Sou schreift et en Donneschdeg d'Online-Plattform "Reporter" an engem Artikel.

AUDIO: Personalpolitik groussherzoglechen Haff - Rep. Max Schmitz

D'Regierung wéilt méi Kontroll iwwert d'Funktiounsweis vum Haff, dofir gouf Enn Juni schonns de Jeannot Waringo als "représentant spécial du premier ministre" ernannt.

De fréieren Direkter vun der IGF, der General-Inspektioun am Finanzministère, soll deemno sämtlech Säite vum Personal-Management um Haff analyséieren an dem Premier reegelméisseg e Rapport maachen, respektiv Reforme proposéieren.

D'Regierung wéilt méi Kontroll iwwert d'Rekrutementspolitik, virun allem vun de Leit, déi direkt mat Steiergelder bezuelt ginn.

Fir den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry sinn d’Nouvellen iwwert d’Personalkarussell um groussherzoglechen Haff erstaunlech Virgäng.

Et wier ee Sujet fir een nächste Rapport vun der Cour des comptes. Den Alex Bodry wäert dat op alle Fall an der nächster Reunioun vun der zoustänneger Chamberkommissioun virschloen.

Hannergrond wier eng laang Lëscht u personelle Changementer an de leschte 4 Joer op der Cour Grand-Ducale. Net manner wéi 30 Leit hätte Reporter no zanter 2015 den Haff fräiwëlleg verlooss oder hätte gekënnegt kritt.

Wéi et aus verschiddene Quellen heescht a wéi och e fréiere Mataarbechter vum Haff "Reporter" géintiwwer confirméiert, hätt d'Grande-Duchesse dobäi dacks eng decisiv Roll gespillt, obwuel hir dat u sech guer net zousteet.