Handball-ChampionnatSpëtzematch Diddeleng géint Esch wéinst schwéiere Spiller-Blessuren ofgebrach

Yannick Glod
Wéinst enger schlëmmer Blessur vum Tom Krier gouf d'Partie beim Stand vun 19:14 fir den HBD no ronn 32 Minutten ofgebrach. Dat en commun accord vu béiden Ekippen.
D'Partie Diddeleng géint Esch huet wéinst Blessure vun 2 Spiller missen ofgebrach ginn.
D'Partie Diddeleng géint Esch huet wéinst Blessure vun 2 Spiller missen ofgebrach ginn.
© Serge Olmo

De Spëtzematch tëscht Diddeleng an Esch konnt um Samschdeg den Owend net komplett gespillt ginn. Beim Stand vun 19:14 fir den HBD sinn den Tom Krier an den Ermin Muric mam Kapp anenee geknuppt, beid Spiller goufe mat der Ambulanz oftransportéiert. Den CA vun der FLH wäert elo tranchéieren, ob de Match esou gewäert gëtt oder widderholl gëtt.

Déi Escher ware besser an de Match komm an haten d’Lokalekipp an den éischte 15 Minutten eigentlech am Grëff. Diddeleng huet e bësse gebraucht, bis de Motor um Lafe war. Réischt no 17 Minutte konnt den Itua Etute den HBD eng éischt Kéier a Féierung werfen. Hien hat bis zum Ofbroch 9 Goler op sengem Kont. Säi Brudder Ojié Etute huet no senger Blessur un der Schëller seng éischt Minutten an dëser Saison gespillt. 10 Minutte virum Säitewiessel koum de Matush Lallemang an den HBD-Gol an huet mat senge Paraden dozou bäigedroen, dass d’Fiiss de Score zu hire Gonschten dréie konnten. D'Säite si mat engem 18:13 fir den HBD gewiesselt ginn.

Bei den Häre sinn um Samschdeg d'Partië vum 9. Spilldag a bei den Damme déi vum 10. Spilldag gespillt ginn.

Back to Top
CIM LOGO