Solidaritéit a KrisenzäitenOpruff u Leit mat 3D-Printer, fir Produktioun vu Protektiounsmaterial

RTL Lëtzebuerg
Den Ament leeft eng landeswäit Aktioun, fir mat 3D-Printere Visière fir d'Gesiicht ze schützen ze drécken.
Opruff u Leit mat 3D-Printer
An eiser Serie iwwer Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Sport a wéi si mam Coronavirus ëmginn, loosse mer e weideren Trainer zu Wuert kommen.

Wéi et heescht, bräicht eleng den CHL nach eng 500 esou Masken, fir un d’Personal ze verdeelen.

Deen, deen esou Maske ka mam 3D-Drucker produzéieren, soll sech och an engem entspriechende Facebook-Grupp mellen.

Mëttlerweil hu sech iwwer 200 Fräiwëlleger gemellt, ze hëllefen. Wann néideg kann een elo iwwer 1.000 esou Protektiounsmasken den Dag produzéieren.

Dropbox: Dateien eroflueden, fir Masken ze printen

D’Hôpitaux Robert Schuman maachen dann och en Opruff, dass si nach dringend Wegwerf-Schippen/Kiddele brauchen.

Hei kann ee seng gedréckten Deeler ofginn

Fir den Zentrum:

De Lycée des Arts et Métiers an der Stad huet dann eng Drop Off-Box ageriicht, an déi d’Leit déi gedréckten Deeler kënnen an eng Këscht leeën. D’Adress ass: Lycée des Arts et Métiers 19, rue Guillaume Schneider L-2522 Luxembourg. D’Këschte stinn ënner Daach bei der Entrée vum Ateliersgebai.

Fir de Süden:

D’Leit kënnen hiert Material tëschent 8 Auer a 16 Auer an der Receptioun vum Lycée Guillaume Kroll zu Esch ofginn. D’Adress: Lycée Guillaume Krol 32, Rue Henri Koch, 4354 Esch-sur-Alzette.

RTL-Artikel: Eng Mask ass een zousätzleche Schutz géint de Coronavirus
RTL-Artikel: Esou kann ee sech seng eege Protektiouns-Mask bastelen

Back to Top
CIM LOGO