A400MLëtzebuerger Militärfliger fir déi éischte Kéier zu Sevilla an d'Luucht gaangen

RTL Lëtzebuerg
Am zweete Semester dëst Joer soll de Militärfliger vun Airbus u Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.
© Twitteraccount vun Airbus Defense

Wéi Airbus Defence op Twitter matdeelt, ass den A400M, de Militärfliger vun der Lëtzebuerger Arméi, déi éischte Kéier vun der sougenannten “Final Assembly Line” zu Sevilla gestart an ofgehuewen.

Dëst wier e wichtege Schratt a Richtung Ausliwwerung vum Fliger.

Ufank 2019 huet d’Regierung fir d’Acquisitioun ronn 156 Milliounen Euro transferéiert. Et bleiwen nach eppes iwwer 12,5 Milliounen ze iwwerweisen.

D’TVA an Héicht vu knapp 29 Millioune geet un de Lëtzebuerger Staat.

Bis elo bekafe sech d’Formatiounskäschte vun de 4 Piloten op knapp 6,3 Milliounen Euro.

Maintenance- Exploitatiounsfraise bleiwe wéi geplangt héchstwarscheinlech bei 420 Milliounen Euro fir eng Liewensdauer vu ronn 35 Joer. D’Formatiounskäschte vun den à terme 6 Piloten a 6 Loadmaster sinn hei mat abegraff.

Am zweete Semester dëst Joer, dat heescht 19 Joer nodeems d’Commande gemaach gouf, soll deen éischte vun am Ganzen 8 Airbus A400M vun der binationaler Unitéit dann effektiv ausgeliwwert ginn, dee vu Lëtzebuerg. Déi aner 7 hat déi belsch Regierung bestallt. Déi Fligere solle bis 2023 prett sinn.

De Lëtzebuerger Airbus wäert um belsche Fluchhafen zu Melsbroek bei Bréissel stationéiert an och do ënnerhale ginn.

Visitt zu Sevilla - Den Airbus A400M hëlt Form un

Back to Top
CIM LOGO