Zanter 18 Joer waart Lëtzebuerg op säi Militärfliger, den Airbus A400M. Zu Sevilla geet et elo un d'Ofschlossaarbechten.

2001 hunn d’Lëtzebuerger an déi Belsch Regierung ee Kooperatiounsaccord ënnerschriwwen. Doranner ass festgehalen, datt ee sech d'Fliger vun deem Modell fir strategesch Zwecker deelt. Am Ganze goufen 8 där Maschinne bestallt, 7 si fir d’Belsch an eng ass fir de Grand-Duché. Allerdéngs gëtt de Lëtzebuerger Fliger, wann en 2021 bis operationell ass, op de belsche Fluchhafen zu Melsbroek stationéiert an och do ënnerhalen.

Den Airbus A400M hëlt Form un
Zanter 18 Joer waart Lëtzebuerg op säi Militärfliger, den Airbus A400M. Zu Sevilla geet et elo un d'Ofschlossaarbechten.

Den éischte Fliger vun der Commande, dee fir Lëtzebuerg, soll d'nächst Joer am Mee ausgeliwwert ginn. Bis 2022 dann déi aner 7.

Zu Sevilla gëtt um Site vun Airbus d'Carcasse mam Cockpit verbonne. Den A400M huet ee Raum vun 356 Meter Cube a kann ee Gewiicht vun 37 Tonnen transportéieren. Am Bauch vun der Maschinn hunn eng 120 Leit Plaz.

Fir sech ee Bild vun den Aarbechten um Airbus A400M ze maachen, huet sech eng Delegatioun aus Lëtzebuerger Deputéierten an Arméivertrieder, mat hire belschen Homologen en Dënschdeg an déi spuenesch Stad deplacéiert, 96 Leit am Ganzen. Den Arméiminister François Bausch war bei dëser offizieller Visitt net mat dobäi, dofir awer säi belschen Homolog Didier Reynders.

Visitt zu Sevilla
Zanter 18 Joer waart Lëtzebuerg op säi Militärfliger, den Airbus A400M. Zu Sevilla geet et elo un d'Ofschlossaarbechten.

D'Chamber op Besuch zu Sevilla, dat ouni Verdeedegungs- an Arméiminister François Bausch

AUDIO: Den Airbus A400M hëlt Form un - Reportage Nadine Gautier

Bis elo ass nach kee vun den 8 A400M-Fligere fäerdeg, déi Lëtzebuerg an d’Belsch bei Airbus viru Joren an d’Commande ginn hunn. 2001, also virun 18 Joer haten déi Belsch a Lëtzebuerger Autoritéite sech an engem Arrangement dorobber gëeenegt, Maschinnen ze bestellen. Lëtzebuerg iwwerhëlt eng Maschinn fir 200 Milliounen, d’Belsch huet der 7 kaf. Allerdéngs gëtt de Lëtzebuerger Fliger, wann en 2021 bis operationell ass, op de belsche Fluchhafen zu Melsbroek bei Bréissel stationéiert an och do ënnerhalen.

En Dënschdeg hate 5 Deputéiert aus der Verdeedegungskommissioun aus der Chamber d’Occasioun d’Deeler vun der Maschinn op Sevilla kucken ze goen. Déi ginn elo op der Plaz zesummegebaut. Een huet awer bei dëser Visitt gefeelt, an dat war de Lëtzebuerger Verdeedegungs- an Arméiminister François Bausch.

Dee wier verhënnert, huet et geheescht. De Rendez-vous gouf awer bäibehalen, ass et dach eng symbolesch Visitt gewiescht. Nieft de Lëtzebuerger Parlamentarier hunn och Arméivertrieder aus der Belsch a vu Lëtzebuerg sech op Sevilla zu 96 deplacéiert.

37 Tonne Fret kann den A400M transportéieren, a bis zu 120 Sëtz kënnen an der Maschinn installéiert ginn. Eng Transportmaschinn, déi ee géif brauchen, an dat net onbedéngt wéinst militäreschen Zwecker, wéi de belsche Verdeedegungsminister Didier Reynders erkläert huet:
"Et ass och fir déi humanitär Operatiounen, wa mir mam Programm "Bifas" ufänken, déi Struktur déi séier intervenéiert, wann et eng Naturkatastrophe gëtt an engem Land, an eng Demande vun deem Land kënnt, dann agéiere mir well mir d’Capacitéiten hunn. Dat heescht, wa mir wëlle present sinn, op verschiddenen Terrainen, an och fir verschiddenen Transporter vun der Belscher Arméi, da brauche mir dës Capacitéit. Si wäert eis Capacitéit vun den C130."

Déi Asätz kéint den A400M fléien, well en och extra fir schwiereg Missiounen an Terraine konzipéiert ass. Dat kéint am Kader vun der NATO, der UNO oder soss Institutioune sinn.

D’Maschinn ass 45,1 Meter laang, 14,7 Meter héich an 42,4 Meter mat de Flilleke breet. D’Länner kënnen individuell bestëmmen, wéi eng Modullen am Fliger solle verbaut ginn. De Gilles Feidt, Conseiller General vun der Defense: "Als Extra hu mir dat wat déi Belsch hunn. Dat heescht mir hunn dat selwecht. De Belschen a Lëtzebuerger Fliger wäerten zimlech Standard sinn."

An der Fabrick war awer dës Zon, wou déi eenzel Wënsch vun de Länner an d’Realitéit ëmgesat ginn, net visibel. Eng Zort Paravent hält do virwëtzeg Blécker ewech. 77 A400M si schonn ausgeliwwert vun engem Total vun 180 Maschinnen, d’Majoritéit gouf an Däitschland geliwwert.

An do ass de Fliger an der Vergaangenheet  vu Kritiker a vun der nationaler Press auserneegeholl ginn. Millioune vu Suen hätt de Fliger verschléckt, et wier e "Pannefliger", heescht et do an der Press. Viru 4 Joer bei engem Testfluch um Airbus-Sitte zu Sevilla koum et zu engem déidlechen Accident. Vun Airbus huet et bei der Visitt just geheescht, et hätt ee sech weiderentwéckelt, fir een Interview war awer kee Responsabelen op der Plaz disponibel.

Am Mee d’nächst Joer soll de Bau vum Lëtzebuerger Fliger ofgeschloss sinn. Bis 2023 soll déi komplett Flott vun 8 Fligeren an den Asaz kommen.

Schreiwes vum Gouvernement

Visite à Séville dans le cadre du lancement de l'assemblage final de l'avion A400M (30.04.2019)

Communiqué par: état-major de l'armée

En date du 30 avril 2019 une délégation belgo-luxembourgeoise s'est rendue à Séville en Espagne afin de visiter l'usine de montage d'Airbus dans le cadre du lancement de l'assemblage final de l'avion A400M luxembourgeois.

Le ministre de la Défense belge, Didier Reynders, accompagné de la délégation belgo-luxembourgeoise, a eu la possibilité de visiter les installations d'Airbus à Séville et d'assister à la fusion de la partie coque et cockpit du premier A400M NSN 104 belgo-luxembourgeois.

L'avion de transport A400M

En date du 13 juin 2001, le Luxembourg et la Belgique ont signé un arrangement de coopération relatif à l'acquisition et à l'exploitation conjointe d'un avion de transport stratégique du type A400M. La Belgique et le Luxembourg se sont engagés à acquérir 8 avions de transport A400M, dont 7 pour la Belgique et 1 pour le Luxembourg.

Cette nouvelle capacité de transport stratégique pourra être engagée pour appuyer des opérations militaires, des missions de gestion de crises et d'aide humanitaire. La Belgique assurera la mise en œuvre, le soutien logistique, la formation conjointe des équipages, ainsi que les modifications futures de l'aéronef et des équipements de support.

Le Luxembourg fournira 3 équipages, ce qui équivaut à six pilotes (officiers) et six soutiers (sous-officiers). De plus, un officier luxembourgeois est intégré au sein de l'état-major opérationnel de la composante Air belge depuis 2017 afin de suivre l'implémentation du projet A400M.

L'assemblage de l'A400M luxembourgeois sera achevé en 2020 et l'avion sera opérationnel à partir de début 2021. La période entre l'assemblage final et l'opérationnalité servira au personnel de se familiariser avec cette nouvelle capacité et avec toutes les différentes procédures et spécificités y afférentes.

Méi Detailer ginn et e Mëttwoch de Moien um 10 Auer um Radio an am Owesjournal op der Télé.