
An hirem eegenen Numm huet d’Asti-Präsidentin Laura Zuccoli, wéinst Diffamatioun an Opruff zum Haass, eng Plainte géint Onbekannt gemaach.
Hannergrond si Reaktioune vu Useren um Facebook-Kont vum ADR-Deputéierte Fred Keup, an deenen d’Laura Zuccoli, eegene Wierder no, Mëtt Februar beleidegt a rassistesch vernannt gëtt, bis hin zum Appell zu Mord oder Gewalt.