D’Cargoairline huet d’lescht Joer en Netto-Benefice vu 769 Milliounen Dollar gemaach. D’Joer virdru waren et nach 20 Milliounen. De Benefice d’lescht Joer ass haaptsächlech dorobber zeréckzeféieren, datt d’Capacitéite vum Cargo ënnert d’Demande gerode sinn, well d’Passagéier-Airlines um Buedem waren oder manner geflu sinn. Doduerch sinn d’Margë pro Tonn Cargo geklommen. Donieft waren d’Sprit-Käschte méi niddreg ewéi nach viru puer Joer.
Den Direkter vun der Cargolux, de Richard Forson, sot, hie géing och fir dëst Joer mat engem gudde Resultat rechnen, mee hie sot am selwechten Otemzuch, datt eng Cargoairline ni genuch Cash hätt. De Marché wier volatil a kéint zu all Moment schwanken. Bei de Passagéier-Airlinnen hätt ee gesinn, ewéi se vun engem Joer op dat anert an d’Kris gerode sinn a vun de Staaten hu misse gehollef kréien.
Vun der Iddi vun der LSAP fir no der Kris, d’Gewënner vun der Kris méi ze besteieren, hällt de Carglux-Direkter awer guer näischt. Firmen déi méi Profit maachen géinge jo méi Steiere scho bezuelen.