9 Deeg scho streikt den Iraner Amir AliMohammadi Labbaf virun der Chamber. Zanter 5 Deeg ass de Mann, deen am Rollstull setzt, am Hongerstreik.

Hie wëll mam Premierminister Xavier Bettel schwätzen an déi politesche Decideuren dozou opruffen, eng Resolutioun vum EU-Parlament ze ënnerstëtzen, a sech domat méi staark fir d’Mënscherechter anzesetzen.

Iraner protestéiert virun der Chamber / Reportage Diana Hoffmann

An dëser Resolutioun ginn d’EU-Ausseminister opgefuerdert, déi Revolutionär Garde am Iran op d’Terrorlëscht vun der Europäescher Unioun ze setzen. Eng Entscheedung, déi deemno vun der Unioun an net hei am Land getraff gëtt. Den Amir Labbaf, President vum iranesche Mënscherechtscomité, erkläert:

"Jo, mir wëssen dat. Mä mer wëssen och, dass Lëtzebuerg e Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun ass. Mir wëssen, dass Lëtzebuerg d’EU beaflosse kann, a gleewen, dass d'Land Pouvoir huet beim Huele vun Decisiounen. Wann deng Alliéiert net dat Richtegt maachen, probéiere mir op d'mannst et virun eiser Dier propper ze halen."

Den Amir Labbaf wëll elo mam Xavier Bettel schwätzen. Dat wier d’Konditioun, dass hie mam Hongerstreik nees ophält. E Freiden hat dësen, wou e mat der finnescher Premierministesch laanscht den Iraner gaangen ass, och gesot, hie géing erëmkommen. Bis haut huet hien dat awer net gemaach. Dass d'Politiker Zweiwel hunn, fir d'Resolutioun ze ënnerschreiwen, versteet den Amir Labbaf an dësem Fall net.

"Mir wëssen, dass Lëtzebuerg d’Mënscherechter ënnerstëtzt, a vill humanitär Hëllef liwwert. Och ech weess dat, well ech scho vun dësen Hëllefe profitéiert hunn. Ech hunn Asyl hei gefrot aus Mënscherechtsgrënn. Mä dës Hëllefe solle mech oder iergendeen net dovunner ofhalen, dës Wäerter fir anerer ze ënnerstëtzen."

Vum Ausseminister hat et déi lescht Woch awer scho geheescht, et hätt ee sech enger Demande vun Däitschland, fir e juristeschen Avis ugeschloss. Dëse soll klären, op d’Revolutiounsgarde kënnen op d’Terrorlëscht gesat ginn, an dass esou eng Decisioun net kéint virum Europäesche Geriichtshaff ageklot ginn. De Conseil vun den Ausseminister kënnt nächste Méinden zesummen a wäert dann och iwwert dee Punkt diskutéieren.

De Sven Clement vun de Piraten hat en Donneschdeg eng Motioun an der Chamber abruecht, déi ënnert anerem gefuerdert huet, dass d'iranesch Revolutiounsgarden als Terroristesch Organisatioun unerkannt solle ginn. D'Majoritéit hätt se awer net wëllen ofstëmmen an dofir ass se an d'Kommissioun verwise ginn, wou se nächsten Dënschdeg dru kënnt.

E puer Stonnen nodeem eisen Artikel online gaangen ass, koum e Schreiwes aus dem Ausseministère. Et gëtt präziséiert, datt Lëtzebuerg d'Demandë vun der iranescher Communautéit ganz eescht hëlt an dat schonn an Deklaratioune gewise gouf. De Grand-Duché wëll all Aktioun vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzen. D’Aschreiwe vun den iranesche Revolutiounsgarden op d’Lëscht vun den terroristeschen Organisatioune géing vu ganz no suivéiert ginn. Den Ausseministère waart hei op en Avis vum juristesche Service vun der EU. Weider heescht et, datt Directrice des Affaires politiques vum Ausseministère den Amir Labbaf zesumme mat enger iranescher Delegatioun en Dënschdeg empfaangen huet. Den zoustännege Minister wier aktuell net am Land.