Weider Plaintë bei der CMCM no engem Meeting vum Conseil
D'Gedeessems bei der CMCM der "caisse médico complémentaire mutualiste", déi ëmmerhi knapp 300.000 Memberen huet, geet monter virun.
Ee weideren a warscheinlech just provisoreschen Héichpunkt sinn zwou Plaintë vu Memberen am Verwaltungsrot géint aner Memberen an deem Conseil.
Viru knapp zwee Joer hat quasi dat ganzt Personal sech an engem Bréif un den deemolege President Heinen iwwert d'presuméiert Gemauschels vum Generaldirekter Secci opgereegt.
Nächst Kapitel war een interne Finanzrapport, dee virop de Remuneratiounssystem besonnesch um Niveau vun deem Generaldirekter kritesch ënnert d'Lupp geholl hat, mat der Konklusioun, dass et een onduerchsichtege an amateurhafte System wier, verbonne mam Risk vu Steierbedruch. Do kéint d'CMCM an de Verdacht kommen, Co-Auteur vu steierleche Magouillen ze sinn.
Virun e puer Wochen hunn aacht Leit aus dem Verwaltungsrot op eege Fauscht ee Conseil aberuff, fir d'Poste vum President, de Vizepresidenten an dem Generalsekretär am Conseil nei ze besetze mat elo dem Gilbert Goergen als President.
E Méindeg den Owend war ee weidere Conseil an do ass de Remmidemmi weidergaangen. Vun den 13 Membere waren der 11 present, dorënner déi aacht Leit, déi de President Heinen revoquéiert hunn.
De Conseil huet normal ugefaange bis d'Fro gestallt gouf, ob déi Reunioun ouni Virwarnung, am Bild wéi och am Toun, géif enregistréiert ginn, esou wéi dat am viregte Conseil zu aacht decidéiert gi war. D'Äntwert vum neie President Goergen war "Jo".
Dräi aner Membere vum Conseil hunn direkt hir Oppositioun formuléiert mam Argument, dat géif géint de Schutz vum Privatliewen an och den Dateschutz verstoussen.
Vum neie President Goergen war et d'Äntwert, dass déi 3 hir Rechter kéinte geltend maachen. An dat ass genee dat, wat elo geschitt. Et sinn zwou Plainten ënnerwee géint ebe Verstéiss géint e Schutz vum Privatliewen an och den Dateschutz. Et kéint ëm Sanktiounen a Milliounenhéicht goen.
Op Demande vun déi Gréng war den Dossier CMCM e Mëttwoch de Moie Sujet um Krautmaart. D'Sozialministesch Martine Deprez stoung den Deputéierte an der zoustänneger Chamberkommissioun Ried an Äntwert an huet wësse gedoen, dass si elo emol d'Referee-Urteeler ofwaart. Eng Approche, déi op net all ze vill Kritik gestouss ass.