Et rumouert am Moment gewalteg bei der CMCM a verschidde Plaintë goufe schonn agereecht.

D'Sozialministesch war e Mëttwoch de Moien op Demande vun déi Gréng an der zoustänneger Chamberkommissioun, fir Prezisiounen ze ginn, wéi d'Regierung am Dossier CMCM virgoe wëll.
Déi gréisste Mutuelle am Land koum an der Lescht wéinst interne Streidereien a Kritik un der Gouvernance net méi aus de Schlagzeilen eraus. Divergenzen, déi sech bis zu engem oppene Sträit am Verwaltungsrot gesteigert hunn.

CMCM an der Chamberkommissioun / Reportage Jean-Marc Sturm

D'Ministesch Martine Deprez sot no der Reunioun, datt bei der CMCM zwar Gedeessems ass, mä "et gëtt Divergenzen um Niveau vum Conseil d'administration an doriwwer eraus wéilt ech dat net kommentéieren [...] an der Kommissioun hu mer diskutéiert, ob et opportun wier, ze intervenéieren oder net. An och do hunn ech de Message ginn, dass ech et den Ament net opportun fannen, ze intervenéieren." De Verwaltungsrot vun der CMCM wier fräi, selwer een Audit maachen ze loossen. Do wëll een als Ministère net matschwätzen. D'Martine Deprez huet nach ënnerstrach, dass een och d'Urteeler wëll ofwaarden. Do geet et ëm d'Fro, ob d'Revocatioun vum ale Verwaltungsrot legal war, respektiv ëm d'Klo vun den Assurancëgesellschaften, déi kritizéieren, dass d'CMCM sech Aktivitéite ginn huet, déi hire gesetzleche Kader sprengen. An engems verweist d'Ministesch op déi extraordinär Assemblée bei der CMCM an engem Mount.

Eng Approche, déi an der Chamberkommissioun op net all ze vill Kritik gestouss ass, och net bei déi Gréng déi d'Reunioun gefrot haten.

Der Ministesch no gëtt et den Ament näischt, wat géing beleeën, dass eppes Strofrechtleches hannendru wier, dat ee misst denoncéiere bei der Justiz, well alles validéiert gouf vun de Gremien. "An deementspriechend fannen ech dat gutt, datt dat de Moie präziséiert ginn ass", seet de François Bausch.

Eens ware sech d'Parteivertrieder, dass een d'Gesetz vun de Mutualitéiten nach emol op de Leescht misst huelen, fir d'Responsabilitéiten an d'Kontroll méi präzis ze klären. De Grondgedanke vun der Mutualitéit dierft awer op kee Fall a Fro gestallt ginn. Fir all d'Parteien ass dann och wichteg, datt näischt vun de Prestatioune vun der CMCM ännert.