D'Mamm vun dräi Kanner ass an den Noriichte vum déidlechen Accident vun hirem Mann gewuer ginn.

Bannent fënnef Joer gouf et Honnerten Accidenter duerch geplatzte Camionspneuen aus dem Lëtzebuerger Wierk vu Goodyear. Datt haut dovu geschwat gëtt, ass de Merite vun der Sophie Rollet, där hire Mann 2014 bei engem Accident ëm d’Liewe komm ass. Doropshin huet si ugefaangen, z’enquêtéieren.

Goodyearspneuen - Sophie Rollet recherchéiert jorelaang / Rep.: Michèle Sinner

D’Sophie Rollet, Mamm vun dräi Kanner, huet wéi ëmmer mëttes de Journal vun TF1 gekuckt, wärend si am Stot geschafft huet, wéi do vun engem Accident mat dräi Camione rieds goung, ganz no bäi hirer Uertschaft.

"L’accident de mon époux s’est produit à dix kilomètres de la maison et j’apprends finalement son accident en regardant la télé."

Si wosst dee Moment nach net, datt hire Mann an d’Accident verwéckelt wier, mee si hat e schlecht Gefill, wat kuerz dono confirméiert gouf. Am Rapport d’enquête iwwert de geplatzte Pneu vu Goodyear, deen d’Accident provozéiert huet, steet eng Expressioun, déi si net versteet a stutzeg mécht.

Si gëtt dat an de Moteur de Recherche am Internet an, a fënnt an de Resultater weider Accidenter, bei deene Pneue vu Goodyear geplatzt sinn. Et ass den Ufank vu jorelaange Recherchen, déi si eleng, dacks nuets, mécht, wann hir Kanner schlofen an d’Internetverbindung an deem klengen Duerf besser ass.

Well si keng Statistiken iwwert Accidenter fënnt, sicht si d'Faits diversen an der Press duerch.

"Il y a quelques fois, j’arrive à identifier le camion sur les photos, le nom du transporteur. Donc en fait je cherche sur le net l’entreprise et je contacte l’entreprise via le net."

Si kontaktéiert och déi respektiv Gendarmerie fir Informatiounen an identifizéiert eng ganz Serie.

"J’ai toute une liste de 76 accidents dont certains sont identifiés Goodyear, mais on va dire dans une certitude qui n’est pas ce que j’appelle à 150 pourcent."

Bei hire Recherche stéisst si och op aner Elementer. Engersäits Experterapporten, déi soen, datt méiglecherweis e Produktiounsfeeler virläit. An anerersäits gëtt si vu Goodyear hirem fräiwëllege Programm gewuer, fir verschidde Pneuen zeréckzezéien, dorënner den Nofollgermodell vum Pneu, wéinst deem hire Mann gestuerwen ass.

Si mécht Demarchen, fir Associatiounen an Institutiounen ze kontaktéieren, fir se ze warnen, fir datt eppes soll ënnerholl ginn, si mécht eng nei Plainte a gëtt der Justiz hir Recherche. Mee si kënnt net virun. Och d’Journaliste vu Le Monde soen hir als éischt mol, et wiere keng handfest Beweiser do, datt e Produktiounsfeeler Schold un den Accidenter wier. Ma d’Sophie Rollet ass sech schonn 2016 sécher: Wéinst der grousser Unzuel vu concernéierte Pneuen, wäert et weider Accidenter ginn.

"C’est comme si vous avez vu qu’il y a une bombe qui a été déposée. Vous dites, là, il y a une bombe qui va exploser, personne ne vous entend. Et en fait, vous êtes obligé d’attendre que la bombe explose, qu’elle provoque des morts pour dire d’une certaine façon, ah, je vous avais bien dit.  Mais c’est terrible."

2020, sechs Joer nom Doud vun hirem Mann, kënnt endlech Beweegung an d’Saach. Eng nei Expertis iwwert d’Accident vun hirem Mann seet, d’Ursaach wier e Produktiounsfeeler. Eng konkret Upak fir d’Journaliste vum Monde, fir endlech en Artikel ze maachen, op der Une vun der Zeitung. Doropshin interesséiere sech och aner Journaliste fir den Dossier. D’lescht Joer am Summer diffuséiert Arte en Documentaire iwwert d’Sophie Rollet an hir Recherche, deen och bei Goodyear Mataarbechter touchéiert. Zwee Whistleblower manifestéiere sech an iwwerreechen intern Dokumenter, déi Ënnerlagen, déi d’Basis fir déi rezent Artikelserie am Monde liwweren. An déi weisen: Goodyear huet bewosst keen obligatoresche Rappell vun de Pneuen erausginn, fir d’Reputatioun vum Betrib ze protegéieren.

Mengt d’Sophie Rollet, hire Mann géif nach liewen, wa Goodyear anescht gehandelt hätt?

"Non, parce qu’il fait partie des premiers accidents. Non, je ne pense pas qu’il aurait pu être évité."

Nach ass näischt virun engem Geriicht bewisen a festgehalen, betount och d’Sophie Rollet. Mee souguer wa Goodyear net gewosst hätt, datt et e Produktiounsfeeler gouf, seet si:

"Moi ce que je leur reproche aujourd’hui, c’est d’avoir eu des chiffres qui pouvaient être alarmants et que maintenant ils ont pris leurs décisions en fonction de ratio économique."

A weider :

"Maintenant, il serait bon aujourd’hui, et ça vaut pour toute entreprise industrielle, de pouvoir mettre une onze d’humanité et je vais peser ce terme, une onze d’humanité."

D’Sophie Rollet versicht mëttlerweil Recul ze kréien, seet si. Datt d’Prozeduren esou laang daueren, wier schwiereg auszehalen. Déi fréier Dagesmamm Sophie Rollet sicht eng nei Aarbecht a mécht dowéinst eng Formatioun an der Comptabilitéit.