
Si hätte sech mat gefälschten Ordonnancen a fiktive Prestatioune beräichert.
2017 wier d’Affär duerch d’Denonciatioun vun engem aneren Dokter un d’Rulle komm. 2018 hätt och d’CNS de Parquet saiséiert. Zanterhier géing eng Enquête lafe wéinst Fälschung, dem Notze vu gefälschten Dokumenter a Bedruch. 3 Persoune stéingen am Mëttelpunkt vun den Ermëttlungen, esou Reporter, bis elo wier awer nach keen ugeklot ginn. Notamment wier bei den eelere Patienten am Spidol quasi systematesch e sougenannten “Traitement parallèle” ordonéiert ginn, also datt 2 Doktere gläichzäiteg fir ee Patient zoustänneg sinn. Dat wier zwar u sech net verbueden, awer an deenen hei Fäll wuel net ubruecht.
Op Nofro confirméieren d’Justizautoritéiten, datt eng Instruktioun am Gaangen ass, ouni op Detailer anzegoen.
Den Affekot vun 2 vun den Dokteren Me François Prum weist iwwerdeems d’Reprochen zréck.
“Eis Positioun, dat ass, wéi ech se och scho bei ‘Reporter’ ganz kloer ausgedréckt hunn, dat ass, fir ze soen, datt di Dokteren ëmmer an éiweg ëmmer nëmmen ofgerechent hunn op Basis vun der Nomenclature mat der CNS an och mat enger Konventioun, di souwuel CNS-, AMMD-gerecht ass. An dat schéngt elo e Problem do ze gi mat Interpretatiounen, wéi di Verrechnungen hätte sollte gemaach ginn.”
Rieds geet iwwerdeems vun engem mëndlechen Accord vun 2009 mat engem Responsabele vun der CNS, dee mëttlerweil an der Pensioun wier.
De CHEM-Direkter wollt keen Interview zu deem Thema ginn. Am Artikel op reporter.lu erkläert de René Metz, deen zanter 2021 Direkter vum CHEM ass, d’Geriater wieren duerch d’Nomenclature benodeelegt an hir Remuneratioun géing net hirer Aarbecht entspriechen. Hien ënnerstellt der CNS eng ongesond an archaesch Attitüd a wéineg Versteesdemech fir de Spidolssystem vun 2024. Dat wier awer kee Grond fir Fälschungen ze maachen. Vum Presseservice vum Escher Spidol heescht et, den Artikel géing ganz vill Informatiounen enthalen an deem hätt ee fir den Ament näischt bäizefügen. Et wier elo un der Justiz hir Aarbecht ze maachen.
De Gesondheets- a Sozialministère reagéiert an enger schrëftlecher Stellungnam, et géing een all Dossier vu potentiellen Abusen opmierksam suivéieren.
D’Nomenclature vun deene verschiddene Spezialisatioune géinge kontinuéierlech op Basis vun Artikel 65 vum Code de la sécurité sociale adaptéiert ginn.
Christian Oberlé verweist op de Secret d’instruction
“Mir hunn do gemaach, wat ee sollt maachen”, esou de President vun der CNS e Freideg de Moien an der Emissioun Invité vun der Redaktioun. De Christian Oberlé sot, hie kéint weider näischt dozou soen, well den Dossier ënnert de “Secret d’instruction” fält. Hie géing den Dossier souwisou och net kennen.
Op d’Fro, ob allgemeng gefälschten Ordonnancen oder fiktiv Leeschtungen net direkt missten opfalen oder, ob Kontrolle gemaach ginn, huet de Chef vun de Gesondheetskeess op d’Lutte contre les abus et la fraude vun der CNS higewisen, déi a sengen Ae zanter 3 bis 4 Joer “wierklech performant” wier. Fréier wiere just “kleng Frauden” opgedeckt ginn an elo wier een antëscht awer bei 11 Milliounen Euro.
“Eng Fraude existéiert an all System”, huet de Christian Oberlé bedauert. Hei am Land géing et der net méi ginn ewéi am Ausland, “vläicht souguer manner”, huet hie gemengt. Mee bei der CNS géing ee “ganz konsequent dru schaffen”, fir esou Fäll opzedecken.