Et dierft déi gleeweg Katholicken am Land freeën. De Poopst Franziskus soll nach dëst Joer op Lëtzebuerg kommen.

Am Kader vum Pelerinage bei d'Muttergottes vu Fatima zu Wolz sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich an engem Interview mat Radio Latina, et wier "ganz ganz warscheinlech", datt de Poopst nach dëst Joer an de Grand-Duché kënnt. Eng offiziell Confirmatioun wollt de Kardinol awer nach net ginn. Et bléif nach sou Munches ze klären.
Enn September ass de Chef vun der kathoulescher Kierch an der Belsch a Contacto mellt, d'Visitt géif wuel do dru gehaange ginn.

Wéi de Generalvikar, Patrick Muller, RTL op Nofro hi confirméiert huet, wär et ganz probabel, datt de Poopst Franziskus kéint Enn September fir e Staatsbesuch op Lëtzebuerg kommen.

Et ass de Grand-Duc Henri, deen de Poopst Franziskus op Lëtzebuerg invitéiert huet.

Fir d'lescht war de Chef vun der kathoulescher Kierch am Mee 1985, also viru genee 39 Joer am Land. De Jean-Paul II. war deemools an der Stad, zu Esch an zu Iechternach.