Dausende Pilger zu Wolz bei der Muttergottes vu Fatima
Et ass fir vill Gleeweger eng vun den Traditiounen op Christi Himmelfaart am Grand-Duché: D'Pilgere bei d'Muttergottes vu Fatima.
All Joer op Christi Himmelfaart pilgeren zegdausende Gleeweger bei d'Notre Dame vu Fatima op Wolz respektiv méi genee "op Baessent".
Vill Leit ginn deen Dag ze Fouss bis bei d'Muttergottes. Tëscht moies 4 a 7 Auer ass de Gros vun hinne lassgaangen. Déi meescht Leit kommen aus dem Raum Ettelbréck.
Zil ass awer net just d'Pilgere bei d'Muttergottes vu Fatima zu Wolz, mä och fir an der Famill oder ënner Frënn e puer gutt Stonnen ze verbréngen. Trotzdeem spillt fir vill Leit de Glawen eng wichteg Roll. Der Fatima "Merci soen" an d'Muttergottes ëm Ënnerstëtzung bieden, dofir pilgere si all Joer op en Neits op "Baessent".