An der Chamber gouf e Gesetzesprojet gestëmmt, deen d'Äntwert vun der Regierung op déi aktuell Schwieregkeete vum Logement- a Bausecteur soll sinn.

Mat 42 Jo- an 18 Nee-Stëmme gouf den neie Mesurëpak en Dënschdeg ugeholl. Et wier e Mix u steierlechen an net-steierleche Moossnamen a géing souwuel Privatleit, wéi och de Bausecteur an d'Investisseure concernéieren, sot d'Co-Rapportrice vum Projet, d'Diane Adehm.

Den Detail vun de Mesurë fannt Dir hei am Resumé.

Neie Mesurëpak fir de Logement- a Bausecteur ugeholl / Reportage Diana Hoffmann

D'Mesurë géingen zwar Schwong an de Logementsmarché bréngen, mee géingen awer an déi falsch Richtung goen, kritiséiert d'LSAP-Deputéiert Paulette Lenert. Réckbléckend wéisst een, dass et e Feeler gewiescht wier, ze vill op den Invest ze setzen. Dëst hätt nämlech net zu der Schafung vun abordabele Wunnenge gefouert.

"Ech mengen, mir maachen dat Falscht. Mier wäerten erëm eng Kéier den Invest ukuerbelen, ouni vill Konditiounen ze stellen. Do gi ganz vill Steierkaddoen an déi Richtung gemaach. Ouni e Resultat um Niveau vum abordabele Wunnraum ze hunn, ouni de Leit, déi keng abordabel Wunneng kënnen hunn, nëmmen en iota ze hëllefen. Dat, wat mer hei gesinn, dat ass e Mesurëpak, deen dofir suergt, dass d'Geld bei d'Geld geet."

Och de Gréngen Deputéierte François Bausch fënnt, dass de Projet de loi net am Sënn vun de Mënsche wier, déi et wierklech bräichten.

"De Geescht vun deem Gesetz hei ass, fir verschiddener ze zerwéieren, déi souwisou schonn iwwer déi 10 Joer virdru massiv verdéngt hunn, an elo gäre wëllen op deem selwechten Niveau wéi virdru weider verdéngen."

Kritik, déi den DP-Logementsminister Claude Meisch net stoe gelooss huet. D'Zäite wieren anerer. D'Demande wier mat den héijen Zënsen agebrach. D'Mesurë wieren awer kloer sozialer Natur.

"Fir een Euro, deen hei kuerzfristeg op dës Joer limitéiert, iwwer steierlech Mesuren ausgi gëtt, fir de Marché ze stimuléieren an dass d'Leit an der Baubranche an Aarbecht kënne bleiwen, ginn 3 Euro reservéiert, fir Logement abordable kuerzfristeg um Marché kënnen anzekafen."
 
Kloer wier och, dass misst eng proaktiv Politik foncière gemaach ginn. E Punkt, wou een an de leschte Joren a Joerzéngte versot hätt.

De Marc Goergen vun de Pirate fënnt awer och, dass mat de Mesuren net genuch fir d'Locatairë géing gemaach ginn.

"Op d'mannst ass et besser, wéi einfach dogéint ze sinn an näischt ze maachen."

Hien hätt d'Vertrauen, dass nach eppes wäert nokommen. De Claude Meisch huet ënnerstrach, dass dëse Gesetzestext net de Schluss, mee eréischt den Ufank vun enger Offensiv am Beräich vum Logement soll sinn.