Relance vum Logements- a Bausecteur: D'Mesuren am Detail

© RTL-Archiv
An der Chamber gouf en Dënschdeg de Mesurëpak vun der Regierung presentéiert, fir de Logements- a Bausecteur nees unzekuerbelen.
"D’Zuel vun den Immobilieprojeten an déi vun den Transaktiounen um Immobiliemarché ass réckleefeg.", dat huet d'Co-Rapportrice vum Projet de Loi 8353, d'Diane Adhem, ënnerstrach. Duerch déi engersäits héich Zënsen an awer och duerch d'Baupräisser, déi ëmmer weider eropginn, kéinte sech ëmmer manner Stéit eng Wunneng leeschten. "2023 goufen et, op een Trimester gesinn, am mannste Verkeef vun Haiser, Appartementer an Terrainen zanter 2007", sou d'Diane Adehm.
De Gesetzesprojet wier d'Äntwert vun der Regierung op déi aktuell Schwieregkeete vum Logement- a Bausecteur zu Lëtzebuerg. Et wier e Mix u steierlechen an net steierleche Moossnamen, dee Privatleit, de Bausecteur an d'Investisseure concernéieren.
Reaktiounen op de Mesurëpak fannt Dir hei.
Steierlech Mesuren, déi sech op dëst Joer limitéieren
- Crédit d'impôt (Bëllegen Akt)
Wien eng Immobilie keeft, fir selwer dran ze wunnen, huet bis elo e Crédit d’impôt op den Enregistrementskäschte vu bis zu 30.000 Euro pro Persoun zegutt. Fir 2024 gëtt dëse Montant op 40.000 Euro eropgesat.
Konditioun: Déi zousätzlech 10.000 Euro mussen an dësem Joer an Usproch geholl ginn. D’Mesure gëllt fir all Akt beim Notaire tëscht dem 1. Januar an dem 31. Januar 2024.
- Crédit d'impôt location
Bei dësem handelt et sech ëm en neie Crédit d’impôt op den Enregistrementskäschte fir d’Investisseuren. Dat an Héicht vun 20.000 Euro pro Persoun.
Konditiounen: Et muss sech ëm eng sougenannte VEFA (Vente en l’état futur d’achèvement) handelen an den Akt beim Notaire muss tëscht dem 1. Januar an dem 31. Dezember 2024 gemaach ginn. Doriwwer eraus muss d’Immobilie wärend op d’mannst 2 Joer verlount sinn an de Locataire muss spéitstens 4 Joer nom Datum vum Akte beim Notaire an der Immobilie wunnen.
- Besteierung vun der Plus-value aus dem Verkaf vun enger Immobilie mam Véierels vum Taux global
Wann een eng Immobilie verkeeft, déi ee manner wéi 2 Joer hat, bezilt een um Benefiss aus dësem Verkaf e Steierbetrag, deen d’Hallschent vum globale Steiertaux ass. 2024 gëtt dëse Steierbetrag um Benefiss vum Verkaf op ee Véirel vu sengem duerchschnëttleche Steiersaz erofgesat.
- Steierlech Neutralitéit vun de Plus-Valuen op Immobilien
Dës Mesure gëllt just fir 2024.
Konditioun: Dass d’Plus-Value op eng Immobilie transferéiert gëtt, déi ënnert dem Regime vun der Gestion locative sociale verlount gëtt, oder dass d’Immobilie als "A-Plus" klasséiert ass, wat d’Energieperformance concernéiert. Den Transfert vun der Plus-value muss bis d’Steierjoer 2026 gemaach sinn.
- D'Eropsetze vum Taux a vun der Dauer vum Amortissement vu Locatiounswunnengen
Mat dëser Mesure sollen d'Investisseuren encouragéiert ginn, a VEFAen ze investéieren. Investisseuren, déi tëscht dem 1. Januar an dem 31. Dezember 2024 a VEFAen investéieren, kënne vun engem Abattement construction spécial profitéieren. No der Fäerdegstellung a weider 6 Joer, kann den Investisseur zousätzlech 4 Prozent Amortissement geltend maachen. De gesamten Amortissement beleeft sech dann op 6 Prozent vum Wäert vun der Immobilie ouni den Terrain.
Konditioun: Den Abattement däerf net méi héich wéi 250.000 Euro d’Joer sinn.
Mesurë vu struktureller Natur
- Eropsetze vun der Exemptioun vun den Nettorevenuen aus der Gestion locative sociale
E Proprietär deen seng Immobilie an d’Gestion locative sociale gëtt huet an Zukunft 90 Prozent vum Revenu locatif aus der Immobilie steierfräi. Bis elo waren dat 75 Prozent.
- Exemption d'impôt vun der Plus-value beim Verkaf un de Fonds du logement
Bis elo huet dat just gegollt, wann een eng Immobilie un de Staat, eng Gemeng oder e Gemengesyndikat verkaaft huet.
- Prime locative
Heibäi handelt et sech ëm eng deels steierfräi Primm, déi e Patron engem jonke Salarié bezilt, fir him ze hëllefen, säi Logement ze bezuelen. Et handelt sech ëm eng nei Mesure, fir Talenter unzezéien. 25 Prozent vun der Primm wäerte steierfräi sinn. Dat zu enger maximaler Prime locative vun 1.000 Euro de Mount fir eng Persoun, déi vollzäit schafft.
Konditioun: De Salarié däerf den 1. Januar vum Steierjoer nach keng 30 Joer hunn. D’Prime locative däerf net méi héich wei de Loyer sinn. D’Bruttopaien däerf mat allen Avantagen, ausser der Primm, net méi héich wéi 30 Mol de qualifizéierte mensuelle Mindestloun sinn. De Salarié muss awer net hei am Land wunnen.
- Ännerung vun der Definitioun un engem Bénéfice de spéculation beim Verkaf vun enger Immobilie
Wann ee vum dem Steierjoer 2025 un eng Immobilie verkeeft, vun där ee manner wéi 5 Joer Proprietär war, da gëtt de Benefiss als Benefice de speculation besteiert. Am anere Fall als Benefice de session. Bis elo war d’Dauer hei 2 Joer.
Upassungen am Beräich vun de Sozialmesuren
- Eropsetze vum Plaffong fir d’Eligibilitéit
Plaffong fir individuell Hëllefe fir e Menage mat Kanner klëmmt tëscht 8 a 25 Prozent jee no der Unzuel vun de Kanner.
- Upassung vum Plaffong vun der Subvention loyer fir Stéit mat Kanner
Aktuell läit de Plaffong bei 200 Euro de Mount fir eng Eenzelpersoun mat enger Paie vu maximal 3.727 Euro de Mount, fir eng Koppel mat maximal 5.591 Euro läit den aktuelle Plaffong bei 280 Euro de Mount. Den Ament kritt ee 40 Euro pro Kand am Menage. Dëst gëtt elo verduebelt.
- Reaktioun op erhéichten Zënsen op Immobiliëkreditter
De maximalen Taux fir d’Subvention d’interêt, sou wéi och déi verschidden Akommesplafongen fir dës Subventioun, ginn erhéicht. Den Taux maximal fir d’Subventioun läit aktuell bei 2,5 Prozent a geet elo op 3,5 Prozent erop.
- Eligibel fir abordabele Wunnraum
Heibäi handelt et sech ëm eng zäitlech begrenzten Erweiderung fir de Krees vun de potentielle Keefer z’erweideren. Fir eng eenzel Persoun gëtt de Plaffong beim abordabele Wunnraum vun engem Akommes vu 47.700 Euro d’Joer op 59.000 gehuewen. Beim Wunnraum à coût modéré vun 53.700 op 69.500. Fir eng Koppel ouni Kanner vun 73.000 op 88.500 bei coût modéré vun 82.400 op 104.200. Fir eng Koppel mat zwee Kanner gëllt beim abordabele Wunnraum net méi 97.500 Euro mee 135.600 Euro, bei coût modéré ass den Akommesplaffong net mei 110.000 Euro fir eligibel ze si mee 159.700 Euro.
E puer Avisen zu dem Gesetzestext
D'Chambre des métiers begréisst déi individuell Hëllefen, déi am Projet de loi virgesi sinn, mee géif et ënnerstëtzen, wann déi finanziell Hëllefen zäitlech begrenzt wären, fir de Bausecteur kuerzfristeg maximal ze stimuléieren.
D'Chambre des Fonctionnaires et Employés publics ënnerstëtzt déi verschidde Sozialmesuren, stellt allerdéngs d'Wierksamkeet vun de Mesurë bei Stéit mat mëttleren a ganz klenge Revenuen a Fro.
D'Chambre de Commerce ënnerstëtzt d'Sozialmesuren aus dem Projet de loi a schléit dës weidere vir, dass och privat Entreprisen an de Marché vum Kaf an der Locatioun vun abordabelem Wunnraum an deem à coût modéré matschaffe kënnen.
De weideren Detail vum Dossier fannt Dir hei um Site vun der Chamber.