Maison du Grand-Duc huet gefrot, fir Videoen ze läschen
An de leschten Deeg goufe mer ëmmer nees vun User drop opmierksam gemaach, dass an de soziale Reseauen en Deep Fake vum Grand-Duc géif zirkuléieren.
Am Video héiert een d’Stëmm vum Grand-Duc Henri op Däitsch Leit dozou motivéieren, Suen ze investéieren. D'Maison du Grand-Duc verweist drop, dass dëst "selbstverständlech" en Deep Fake wier. Schrëftlech krute mir och matgedeelt, dass d’sozial Netzwierker kontaktéiert goufen, dass de Video soll geläscht ginn. An der schrëftlecher Äntwert schreift d’Maison du Grand-Duc iwwerdeems: "Kënschtlech Intelligenz ass eng fantastesch Innovatioun, wann se verstänneg benotzt gëtt."
Nach um Mëttwochmëtteg huet een déi falsch Reklamm op Facebook gesinn.
Wéi erkennen ech e Fake?
An dësem konkrete Beispill gesäit een direkt, dass ënnert dem Video net Lëtzebuerg steet, mee "Liechtenstein". Dann erkennt een och direkt op den éischte Bléck, dass am Video de Lipsync net bei dat passt, wat geschwat gëtt, also d'Lëpse sech net richteg par Rapport zum geschwaten Text beweegen. Da misst och all User sech d’Fro stellen, ob de Staatschef vun engem Land géif Reklamm fir dubiéis Finanztransaktiounen maachen, wat kloer net de Fall wier.
Wéi gëtt dann esou ee falsche Video gemaach?
Duerch eng relativ kuerz Online-Recherche fënnt een den Original-Video, dee fir dëse Fake genotzt gouf. Et ass e Video aus dem Mäerz 2020, wou de Grand-Duc Henri wärend der Pandemie en Appell fir Solidaritéit a Verantwortung gemaach huet a sech an engem Video un d’Natioun geriicht huet.
© Screenshot vun 2020
D’Stëmm gouf hei mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz (KI) kopéiert. Dofir ginn déi sougenannten “Text-to-Speech”-Modeller benotzt. Dës léieren aus Audio- an Text-Dateien, fir esou kënnen nei Sätz ze generéieren, déi sou klénge wéi déi original Stëmm. Eppes wat mëttlerweil relativ einfach ze maachen ass.
An de leschte Wochen zirkuléiere vill falsch RTL-Internetsäite
Vill vun eise Lieserinnen a Lieser hunn eis an de leschten Deeg drop opmierksam gemaach, dass och vill falsch RTL-Säiten an de soziale Reseauen zirkuléieren. Och hei versichen Onéierlecher am Internet Leit unzeschmieren an esou Suen ze verdéngen.
RTL Lëtzebuerg versicht dës Säiten esou séier wéi méiglech zouzemaachen, a se bei de jeeweilege Provideren ze mellen.






Wann Dir Kontakt mat eis wëllt ophuelen, da kënnt Dir dat iwwert eise Feedback System maachen.