Gloden a Polfer reagéieren op Analys iwwer Heescheverbuet

© Celine Spithoven
D'Lydie Polfer gesäit keen neie Moment an der Diskussioun. De Leon Gloden betount, dass d'Verbuet ënnert der aler Verfassung decidéiert gouf.
"Et ass een Avis ënnert aneren", esou reagéieren den Inneminister Loen Gloden an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer op d'Analys vun der Cellule Scientifique vun der Chamber iwwer d'Stater Heescheverbuet.
An dëser Nott gëtt d'Conclusioun gezunn, dass d'Heescheverbuet warscheinlech géint d'Constitutioun verstéisst. Allerdéngs gëtt nach präziséiert, dass et um Geriicht wier, fir ze tranchéieren, ob de kommunale Reglement tatsächlech verfassungskonform ass oder net.
Mat de Froen, déi de wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber an der Nott opwërft, hätt ee sech scho befaasst an dës juristesch préiwe gelooss, sot d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Et wier an deem Sënn keen neie Moment fir si dran.
Dës Analys vun der Cellule Scientifique baséiert eleng op der aktueller, neier Verfassung, esou nach de Leon Gloden an d'Lydie Polfer. D'Reglement vun der Stad Lëtzebuerg gouf awer ënnert der aler Constitutioun geholl. Dass den Inneminister gréng Luucht ginn huet, wéi déi nei Verfassung schonn a Kraaft getruede war, wollt de Leon Gloden net weider kommentéieren. Wat géing gëlle wier, dass d'Reglement ënnert der aler Verfassung decidéiert gouf.
Aktuell leeft eng Prozedur virum Verwaltungsgeriicht. D'Lydie Polfer huet sech verwonnert doriwwer gewisen, dass d'Cellule vun der Chamber Stellung hëlt, wärend dës Prozedur nach leeft. D'Séparation des pouvoirs dierft net mëssuecht ginn.
Fir den Oppositiounspolitiker Marc Goergen vun de Piraten huet d’Analys vum wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber dogéint eng ganz héich Valeur. Eeleng dat wier en neie Moment. Et géing hei ëm Experte vun der Chamber goen, déi Stellung huelen. Dowéinst wier et elo un der Stater Buergermeeschtesch an um Inneminister, hir Decisioun a Fro ze stellen. De Deputéierte vun de Pirate gesäit de Stater Gemengerot och an der Verantwortung, fir eventuell nach emol e Vott ze huelen, ob d’Reglement weider esou gedroe gëtt oder net.