
D’Mataarbechter dierfen op kee Fall Affer vum Finanzskandal bei der Caritas ginn, betount den Onofhängege Gewerkschaftsbond en Donneschdeg an engem Communiqué. All d’Aarbechtsplaze missten erhale bleiwen. Den OGBL vertrëtt déi ronn 500 Leit Personal bei der Caritas an huet och schonn eng urgent Reunioun mam Premier Luc Frieden ugefrot, grad wéi Reunioune mat de Verwaltungsréit. Schonn e Freideg ass eng Informatiounsversammlung fir déi betraffe Salariéeën an de Raimlechkeete vun de Gewerkschaft zu Esch.
Aussoe vun der Direktioun vun der Caritas no, géifen d’Reserve vun der ONG just nach duergoen, fir déi lafend Käschte vun den nächsten zwee Méint ze decken. Wéi et duerno weidergeet, wier fir den Ament net gewosst. E Mëttwoch hat de Premier Luc Frieden ënnerstrach, datt de Staat der Caritas “keen een Euro”géif bezuelen. Fir den OGBL wier kloer, datt d’Mataarbechter net weider dierfen am Onklore gelooss ginn.
Affär Caritas: D’Nerven am Secteur leie blank, sou de Luc Siebenaller