D'Caritas kritt fir de Moment keen eenzegen Euro vum Staat iwwerwisen, well een net wéisst, wie wat gemaach huet, esou de Premier Luc Frieden.

De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden hat e Mëttwoch de Mëtteg zesumme mat de Ministere Roth, Meisch an Hahn d’Deputéiert vun den zoustännege Kommissiounen informéiert. Et kéint ee kee Vertrauen an déi aktuell Struktur vun der Caritas hunn. Et wär der Regierung hir Aufgab, Steiergelder ze schützen. D’Regierung verlaangt en Interlocuteur fir iwwer déi praktesch Aspekter ze schwätzen, zum Beispill en Administrateur provisoire.

Froen an Äntwerte ronderëm d'Reaktioun vun der Regierung op d'Affär Caritas

D’Caritas ass en Déngschtleeschtungsservice fir de Staat. Iwwer Konventioune këmmert sech d’ONG zum Beispill ëm Flüchtlingen oder Sans-abrien. Dofir gouf et dëst Joer bis ewell 21,5 Milliounen Euro vum Staat. De Staat freet "selbstverständlech" Suen zréck, déi net gebraucht gi sinn, fir den Zweck, wou se geduecht waren, huet de Premier ënnerstrach. Fir en Deel sinn awer schonn Déngschtleeschtunge geschitt. De Staat bezilt Avancen am Rhythmus vun engem, 3 oder 6 Méint. Wichteg wär op alle Fall, datt d’Aktivitéite missten assuréiert ginn. D’Caritas misst intern kucken, wat se kéint maachen. A mir kucken dann dono – net wéi d’Caritas funktionéiert – mä datt Flüchtlingen zum Beispill nach weider kënne betreit ginn an net Affer gi vun dem Ganzen, sou de Premier. D’Caritas hätt nach Reserve fir zwee Méint.
 
De Staat wäert sech och all rechtlech Schrëtter géint d’Caritas virbehalen, sou de Luc Frieden. Et wär eng extrem grav Infraktioun. Déi 60 Milliounen, vun deene geschwat géif ginn, wieren net Sue vum Staat. D’Hallschent si Kreditlinnen, déi d’Caritas ofgeschloss huet mat zwou Banken. Domadder hätt de Staat näischt ze dinn. Dat ass e Problem tëscht der Caritas an de Banken, sou nach de Luc Frieden.

Reaktioune vun den Deputéierten

D'Deputéiert reagéieren op Aussoe vu Regierung zur Affär Caritas
Et wier een zwar elo informéiert ginn, ma den Deputéierte feelt e Plang, wéi et elo weider geet.

Fir de Marc Baum Deputéierte vun déi Lénk mécht sech d'Regierung et e bëssen einfach.

"Also méi schlau si mer net ginn, mir sinn awer och net méi domm ginn, géif ech soen. De Problem ass just, datt d'Regierung et sech, mengen ech, awer e bëssen ze einfach mécht. Se seet déi ganz Zäit, de Problem läit bei der Caritas. D'Caritas huet e rise Problem an de Staat huet näischt domadder ze dinn. Et ass awer esou, datt d'Caritas parastaatlech hoheetlech Aufgaben iwwerhëlt, déi se vum Staat kritt. Soudatt ech mengen, datt de Staat do och, mengen ech, e bësse méi genau hätt missen och an der Vergaangenheet hikucken. An datt och déi Banken, déi involvéiert sinn, datt dat eng Fro ass, wéi dat méiglech ass, datt iwwer Méintelaang konnten esou Transferte geschéien an d'Ausland. Do stellt sech awer en akuten Rieden." 

Zwou Lëtzebuerger Banke sinn involvéiert. An d’Existenz vun der Caritas steet um Spill, seet de Franz Fayot vun der LSAP.

"Do stellt sech awer en akute Risk vun Insolvenz, wann do net iergendwéi e Support kënnt vum Staat. Dorop ass keng Äntwert komm. An dann ass natierlech och d'Fro, wéi esou eng riseg Fraude ka méiglech sinn, mat just engem Acteur an där Organisatioun. Dat ass bal net virstellbar, well déi Suen, déi sinn an d'Ausland gefloss op Konten a Spuenien, op e Kont vun enger anerer Organisatioun a vun do aus fort. Dat heescht, déi Sue sinn héchstwarscheinlech fort a wäerten och net méi kënne recuperéiert ginn."

An och Froen, déi sech stellen iwwer d’Gouvernance. Wat d’Verwaltungsréit ugeet, gëtt et "Nachholbedarf", mengt d’Djuna Bernard vun déi Gréng.

"D'Fro vun der Gouvernance an awer och de Complianceprozeduren ass definitiv eng, wou ech mengen, dass mer zu Lëtzebuerg schonn nach e bëssen Nachhuelbedarf hunn. Ech mengen, dat mierke mer am Moment op méi Plazen an do musse mer eis besser outiléieren, fir och do d'Conseils d'administration richteg ze begleeden, richteg ze forméieren, wat do alles an hirem Aufgabeberäich ass."

Reaktioune vun den Deputéierten op d'Affär Caritas / Reportage Carine Lemmer

ONGe sollt weiderhi Vertraue geschenkt ginn

Trotz dem kriminellen Akt, deen d'Caritas getraff huet, missten all Donateuren a Benevolle weider d'Vertrauen an de Kooperatiounssecteur am Grand-Duché behalen. Dat schreift de Cercle vun den iwwer 90 Kooperatioun-ONGen, dee festhält, datt all dës Associatioune ganz strikte Kontrollen ënnerleien an all Joer auditéiert ginn.

D'ONGe géifen deemno hei am Land fir staark ethesch Wäerter astoen, sou de Cercle, deen all Donateure freet, weider hannert der geleeschter Aarbecht ze stoen an net d'Aktioune vu Kriminellen iwwert dësen Engagement op der ganzer Welt ze setzen.

D'Caritas kritt dann och als engagéierte Member vum Cercle all Sympathie a Solidaritéit fir d'Benevoller an d'Personal zougesot.