Verschidde Medie profitéiere méi wéi anerer

Symbolfoto. / © RTL-Archiv
D'Pressehëllef gëtt nees reforméiert. Och dat ass Deel vum Projet, deen d'Regierung virun der Vakanz an der Chamber deposéiert huet.
Dovu profitéieren, wéi bei der leschter Reform vun 2021, verschidde Medienhaiser méi ewéi anerer. Fir "Le Quotidien", déi eenzeg franséischsproocheg Dageszeitung, bleift d’Situatioun kritesch.
Net de Pabeier, mee de Journalismus soll gefërdert ginn - dat war bei der leschter Reform vun 2021 de Leitmotiv. Zanterhier gëtt et e Forfait pro Medientitel. Dee läit antëscht bei 226.000 Euro, plus 30.000 Euro d’Joer pro Journalistin a Journalist mat Pressekaart. Wat een där also méi huet, wat et méi Pressehëllef gëtt. Grouss Gewënner vun där Reform waren d’Editiounshaus vum "Paperjam", "Maison moderne" a "L’essentiel", well eng éischte Kéier Mensuellen a Gratiszeitunge fir d’Pressehëllef eligibel goufen. Ma och Online-Plattforme wéi Reporter an déi fréier DP-Parteizeitung "Journal", déi zanter 2021 net méi gedréckt gëtt.
Schonn deemools war kloer, datt de Quotidien mam neie System net kéint iwwerliewen. Den Ecart tëscht där aler an der neier Hëllef mécht fir de Quotidien bal 400.000 Euro aus. Dofir gouf et eng Iwwergangsfrist, déi nach bis 2026 geet a wärend där déi al Pressehëllef um Niveau vun 2019 ausbezuelt gëtt – ier all d’Krise koumen. Zanterhier goufen d’Aiden aus dem Iwwerganksregimm net méi ugepasst.
Ma deen neie Projet geet elo nach méi wäit. De Moment gëllen nach ënnerschiddlech Plaffonge fir déi ënnerschiddlech Publikatiounen. Déi si gestaffelt vu ronn enger hallwer Millioun Euro d’Joer fir Online-Plattformen, iwwer 800.000 fir Wochenzeitungen, bis 1,6 Milliounen Euro fir Dageszeitungen. An Zukunft soll et just nach ee Plaffong vun 1,6 Milliounen Euro fir jidderee ginn.
Dat géif der technologescher Neutralitéit déngen, steet am Projet de loi - obschonns den Drock an d’Distributioun vun Zeitunge mat vill méi héije Käschte verbonne sinn, wéi eng Websäit ze bedreiwen. Gréisste Gewënner sinn also nees d’Online-Publikatiounen, respektiv d’Mensuellen, fir déi de Plaffong am meeschten an d’Luucht geet. Fir d’Dageszeitunge wéi de Quotidien ännert sech näischt.
Op Nofro hi seet déi delegéiert Medieministerin Elisabeth Margue, si hätt am Hierscht eng Entrevue mam Verband vun den Editeuren, fir iwwert de Projet ze schwätzen an et kéint een de Projet de Loi iwwer Amendementer upassen.
De Frank Schmit, Administrateur délégué vum Quotidien, ass en Dënschdeg de Moie géint 8.10 Auer eisen Invité vun der Redaktioun. Mat him schwätze mer iwwert d’Evolutioun am Secteur a firwat Pabeierzeitunge relevant bleiwen.