En Dënschdeg de Moie war d'Reform vun der Pressehëllef Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Quasi all Regierung plädéiert fir d'Pluralismus bei der Press. Eng Press, déi mat der Digitalisatioun am Wandel ass. Deem gouf och bei der Reform vun der Pressehëllef Rechnung gedroen. Dat bréngt awer net all Presseorgan Virdeeler, och eng geplangte Reform kann net all Presseorgan iwwerzeegen. Virop de Quotidien.

2021 ass d'Pressehëllef reforméiert ginn. Basis fir d'staatlech Ënnerstëtzung ass net méi de Volume u Pabeier, deen an den Drock geet, mä d'Zuel un offiziell unerkannte Journalisten. Et hat geheescht, dass kee soll manner kréien. Beim Quotidien wier déi Rechnung awer net opgaangen. D'Zeitung krut dowéinst eng Iwwergangsphas accordéiert. Do war awer net un d'Upassen un d'Deierecht geduecht ginn a mat der Covid-Kris hat och kee gerechent.

Elo gëtt d'Pressehëllef nees reforméiert. De Moment gëllen nach ënnerschiddlech Plaffonge fir déi ënnerschiddlech Publikatiounen. Déi si gestaffelt vu ronn enger hallwer Millioun Euro d’Joer fir Online-Plattformen iwwer 800.000 Euro fir Wochenzeitungen, bis 1,6 Milliounen Euro fir Dageszeitungen. An Zukunft soll et just nach ee Plaffong vun 1,6 Milliounen Euro fir jidderee ginn.

Och bei der neier Reform riskéiert een, den Dindon de la farce ze sinn.

"Mir probéieren all Dag, eng Zeitung ze produzéieren. Eng Zeitung produzéieren, ass ee klengt Wonner: moies sinn d'Säiten all wäiss an deen aneren Dag um 4 Auer läit se gedréckt an der Bréifkëscht. Dofir brauch ee Ressourcen: mir hunn de Pabeierpräis, mir hunn d'Journalisten, déi een dofir brauch, fir dat ze maachen. Den Impakt bei eis läit quasi bei 400.000 Euro, déi mir verléieren. Wa mir d'Journalisten net méi kënne finanzéieren, kënne mir eng Zeitung net méi produzéieren."

Den Direkter vum Quotidien huet erkläert, dass een e puer Contrainten hätt, déi derzou féieren, dass ee bal 400.000 € géif verléieren, wann ee bis an den neie Regime vun der Pressehëllef géif falen. D’Käschte wieren zanter 2019 ferme geklommen. Vum Pabeier beispillsweis ëm bal 80%. Derbäi koumen eng hallef Dosen Indextranchen.

Nach hätt een d’Gléck, dass een de Support vun den Aktionären hätt, mä et wéisst een net, wéi laang et esou kéint weider goen. Dobäi wier et wichteg, fir de Pluralismus vun der Dagespress, dass et weiderhin eng franséisch-sproocheg Zeitung gëtt.

Eng Online-Offer kéint ni eng richteg Pabeierszeitung ersetzen.Et hofft een, dass elo déi néideg Amendementer am Projet de loi kommen, dass een als Zeitung kéint weiderfueren.

Aus dem Medie-Ministère koum dann de Mëtteg och eng Reaktioun op d'Situatioun vum Quotidien. Bei der Rentrée géif eng Reunioun mat den Editeure ginn, wou een dann och eng "equitabel Léisung" fanne wéilt. Do géifen da "verschidde Pisten analyséiert ginn".  2021 wier de Quotidien och net vergiess ginn. 
 
Déi aktuell Reform géif awer och op dem Retour vun den Acteure berouen. De Quotidien wier och ëm säin Avis  zum Projet vun 2021 gefrot ginn. Den Avant-projet de Loi wier och mam Presserot diskutéiert ginn, wou de Quotidien dra vertruede war. 
 
De Frank Schmit relativéiert, et wier wuel e Questionnaire mat 3 Froe geschéckt ginn, deen hien allerdéngs net kritt hätt. Soss hätt een direkt dorop reagéiert an et hätt een direkt den Dialog gesicht.

Invité vun der Redaktioun - De Frank Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.