Déi Lénk zur Causa CaritasRegierung dierft d'Affär net ausnotzen, fir desagreabel Kritik lasszeginn

RTL Lëtzebuerg
Déi Lénk hu sech zu der Affär vun de verschwonnene Millioune bei der Caritas geäussert.
© Dider Weber / RTL

D’Caritas wier e systemeschen Acteur an d’Regierung hätt d’Responsabilitéit, all d’Aktivitéite vun der Caritas ze garantéieren, déi dës fir de Staat iwwerhëlt. Dat betounen déi Lénk e Mëttwoch an engem Communiqué zu der Affär ronderëm déi verschwonne Millioune bei der Caritas.

D’Caritas wier och eng vun de wéinege sozialen Organisatiounen, déi sech politesch äussert an och net mat Kritik un der Regierung géif spueren. D’Regierung dierft dës Affär net ausnotzen, fir desagreabel Kritik lasszeginn, esou déi Lénk.

Direkter vu Bankenassociatioun ABBL: An der Affär Caritas “musse ganz professionell Déif drop geschafft hunn”

Back to Top
CIM LOGO