Nieft de Froen, wéi iwwer 60 Milliounen Euro detournéiert konnte ginn a wéi et bei der Caritas viru geet, ass och d'Verantwortung vun de Banken am Viséier.

Fir iwwert d‘Responsabilitéit op de verschiddenen Niveauen ze schwätzen, wier et nach ze fréi. Mä déi missten op alle Fall gekläert ginn. Et dominéiert awer weider d‘Fro, wéi et konnt sinn, dass iwwer 60 Millioune bannent kuerzer Zäit iwwer Virementen oder trotz Reserven nei Kredit-Linne konnten eraus op auslännesch Konte goen.

ABBL-Direkter zu Responsabilitéit an der Affär Caritas

Bei der Limitt vun Transferte spillt och de Profil vum Client, esou den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL de Jerry Grbic:

"Wann dir genau wësst, wéi eng Caritas funktionéiert... Do gi reegelméisseg grouss Zommen an d‘Ausland, Suen, déi vum Staat kommen, déi dann eraus ginn. Wann do Dokumenter gefälscht gi vu Leit, déi genau wëssen, wat se mussen enger Bank liwweren a wat se musse vu Messagë ginn, fir dass déi Saachen duerchginn, dann ass dat extreem geféierlech an da kann et sinn, dass bei enger Bank... déi kritt Dokumenter an déi kann net direkt erkennen, ob dat eng Kopie ass oder gefälscht ass oder d‘Original ass, et passt awer an d‘Aktivitéit vun enger Caritas an dësem Fall, da kann dat gemaach ginn."

Bei enger neier Ligne de Crédit ass et scho méi schwiereg, well do den Accord vun engem Bank-Employée net duergeet, do kommen och nach een Analyst wéi och ee Gestionnaire an d‘Spill an um Enn ee ganze Comité, dee fir d‘Kreditter zoustänneg ass. Déi ze beducksen, ass net esou einfach.

"Dat heescht a mengen Aen - ouni elo weider Spekulatiounen ze dreiwen - mussen do ganz professionell Déif drop geschafft hunn a ganz genee gewosst hunn, wat se do misste vun Dokumenter liwweren."

Wichteg wier elo emol, dass d‘Aktivitéite vun der Caritas zu Gonschte vun de Schwächsten an der Gesellschaft kënnen assuréiert ginn. Fir den Direkter vun der ABBL ass d'Affär Caritas alt nees de Beweis, dass een an de Banken, awer och an de Firmen d‘Leit muss sensibiliséieren a forméieren, fir net op esou eng Zort Finanz-Kriminalitéit eranzefalen.