De Krise-Comité vun der Caritas ass an engem "Zäitrennen"
De Krise-Comité vun der Caritas huet mat senger Aarbecht eréischt ugefaangen an en ass schonn an engem "Zäitrennen".
No enger Entrevue e Mëttwoch de Mëtten tëscht dem Comité an dem OGBL sot de Gewerkschaftler Smail Suljic, datt d’Membere vun deem Comité dat puer Mol gesot hätten. De President vum Comité, de Christian Billon, ass no der Reunioun mat der Gewerkschaft net virun eis Mikroe komm. De Smail Suljic sot awer, hie wier ganz zefridden, well d’Membere vum Comité "hunn all d’Froe beäntwert, esou gutt ewéi se konnten."
Wéi et heescht, goung vill Rieds iwwert den Transfert vun den Aktivitéite vun der Caritas an zwou nei Entitéiten, esou wéi de Krise-Comité méi fréi dës Woch schonn ugekënnegt hat. De Smail Suljic sot den OGBL wier och dofir, well esou d’Aktivitéiten eben normal virugoe kéinten.
Garantien hätt een nach net kritt, mee dofir huet d’Gewerkschaft Versteesdemech, well de Krise-Comité eréischt eng oder zwou Woche geschafft huet. Elo missten nach Informatioune gesammelt ginn, fir ze kucken, mat wat ee kéint schaffen. D’Zil wier, datt all d’Aarbechtsplazen erhale bleiwen, esou de Smail Suljic.
Wat d’Gouvernance vun der Caritas ugeet, krut den OGBL erkläert, datt déi elo de Krise-Comité iwwerholl hätt an eng "Direction élargie" pro Departement Responsabilitéiten hätt. Wéi eng Roll genee PwC spillt, gouf net gefrot. Den OGBL huet awer gefuerdert, datt wann eng nei Entitéit vun der Caritas geschaaft gëtt, d’Personal am Verwaltungsrot vertruede gëtt.
Iwwert d’Banken oder d’Payementer vum Staat wier net geschwat ginn, ausser datt de Christian Billon an enkem Kontakt mam Premier ass, fir Léisunge bis de September op den Dësch ze leeën. Dat hat de Luc Frieden jo selwer schonn de leschte Freideg versprach.