Dës Woch presentéiere mer Iech déi verschidde Schwammgewässer hei am Land.

Am Summer kann jiddereen an d'Baggerweiere schwamme goen, am Wanter awer ginn d'Gewässer mat Rou gelooss an d'Natur iwwerhëlt d'Weieren erëm. Dës Gewässer si wichteg fir d'Zuchvillercher, déi hei an d'Géigend kommen. Trotz Entretiensaarbechte gi verschidden Deeler vum Weier am Wanter komplett mat Rou gelooss.

Am Summer kënne maximal bis zu 3.000 Leit beienee vun de Baggerweiere profitéieren. Fir dat hei gekuckt gëtt, datt et jidderengem gutt geet, ginn et 5 Iwwerwaachungsposten iwwert de ganze Weier verdeelt. Hei sëtzen awer keng Schwammmeeschteren, mee Lifeguards, esou déi responsabel fir d'Sécherheet an eenzeg Schwammmeeschtesch um Wéier Manon Sagramola.
 
"Mir hu séier erkannt, datt et schwéier ass, fir eng gewëssen Zäit Schwammmeeschteren ze fannen. Dat heescht mir sinn op de Wee gaangen, datt mir interne Leit vun eis ausbilden. Dat heescht, si maachen de ganzen Wanter iwwer eng Schulung, hire Brevet, wou mir zesummen an d'Schwemm ginn an dofir trainéieren. An dann am Fréijoer kuerz virun der Erëffnung hu si hir Examen. An da si si och prett fir de Summer hei um Wéier ze assuréieren an de Leit an engem Noutfall ze hëllefen."

Duerch Sensibilisatioun an Trennstatiounen hoffen déi Responsabel, datt de Site weiderhi propper bleift.

Serie Schwammgewässer: Baggerweieren