D'Veianer Schwämm, mat Vue op d'Schlass, ass nees op
Déi bekanntsten a schéinste Piscine am Land huet de 15. Juli nees opgemaach.
D'Veianer Schwämm, déi mat hirer Vue op d'Schlass eenzegaarteg ass, hat sech eng Auszäit vu fënnef Joer geholl.
Elo mat neiem Ticketssystem an aktualiséierter Technik presentéiert sech d'Piscine nees dem Public. Allerdéngs gouf et am Ufank nach Schwieregkeete mam neie System, fir sech Ticketen ze kafen. Sou ass de Präis eng Kéier falsch berechent ginn. D'Visiteuren hunn d'Gemeng awer séier op dëse Feeler opmierksam gemaach. Dem Buergermeeschter François Weyrich no sinn dës Probleemer mëttlerweil behuewen.
Et ass awer wichteg, dass d'Leit sech online en Ticket reservéieren, betount de Gemengepapp. Am Moment gi just 500 Visiteure gläichzäiteg op de Site gelooss, dat well de grousse 50-Meter-Baseng nach net accessibel ass.
D'nächst Joer kann een dann och do seng Bunnen zéien. Donieft gëtt de Baseng fir déi ganz Kleng verréckelt a moderniséiert. De François Weyrich verréit, dass do eng ganz modern Anlag soll hikommen.
Apropos modern: an deene véier Joer, an deenen d'Piscine zou hat, ass och d'Technik aktualiséiert ginn, fir dem Standard ze entspriechen. D'Gemeng huet sech och Gedanke gemaach, wei se d'Ëmwelt schoune kann. Dowéinst gëtt d'Waasser klimaneutral gehëtzt an de 50-Meter-Baseng méi schmuel a manner déif gemaach, fir Waasser ze spueren.
Wann d'nächst Joer dann dëse Baseng rëm opgeet, da gëtt och d'Limitt vun de Visiteuren op 1.100 an d'Luucht gesat.
Et stinn och nach Pläng un, déi iwwer dat nächst Joer erausginn. Sou ginn d'Vestiairë reamenagéiert an och un enger Méiglechkeet, fir sportlech aktiv ze sinn, gëtt geschafft.
D'Leit sinn allefalls frou, dass se nees op Veianen an d'Schwämm kënne goen, well fir vill Leit gehéiert déi zanter hirer Kandheet zum Summer.