Veianen
Dës Woch presentéiere mer Iech déi verschidde Schwammgewässer hei am Land.
No 5 Joer eidel stoen ass d'Schwämm zu Veianen dëse Summer erëm opgaangen. 5 Joer en Basseng der Nature iwwerloossen hannerléisst awer och Spueren, esou de éischte Schäffe vun der Gemeng Veianen Pol Petry.
"Wann eng oppe Schwämm puer Joer kee Waasser méi dran ass, iwwerhëlt d'Natur se. Virun allem de Frascht am Wanter fréiert alles futti. D'Plättercher ware futti, well kee Waasser méi dra war. Dat ass dee gréissten Challenge, déi Becken erëm an d'Rei ze kréien."
Mat engem grousse Sprint goufen d'Aarbechte fir de klenge 25-Meter-Basseng nach mat Zäiten ofgeschloss, fir de grousse 50-Meter-Basseng ass et awer net méi duergaangen. Dat steet um Programm fir de Summer 2025, genau esou wéi d'Renovatioun vun de Vestiairen, déi net méi den aktuellen Normen entspriechen.
De Schwammmeeschter, dee kuerz virun der Fermeture 2019 agestallt gouf, huet elo wärend 5 Joer op enger anerer Plaz geschafft, déi net wierklech eppes mam Waasser ze dinn hat, erkläert de Pol Petry.
"Dee Mann ass am Fong 2019 vun der Gemeng agestallt ginn, deen huet déi ganzen Zäit op der Gemeng geschafft, obwuel d'Schwämm elo zou war. Dee war eben elo op d'Seelbunn gesat ginn. Ech mengen, et war net d’Ursaach, datt mir kee Schwammmeeschter haten. De Schwammmeeschter war do, d’Sécherheetskonzept war och an der Rei, alles war an der Rei."