Luc Frieden iwwer Max Hengel: "E Volleksvertrieder am beschte Sënn vum Wuert"
                    © RTL-Grafik
E Samschdeg de Mëtteg koum aus der Lëtzebuerger Politik déi traureg Nouvelle, dass de Max Hengel dout ass.
"Et ass eng schrecklech traureg Nouvelle fir eis alleguerten, et ass e grousse Verloscht fir d'Politik, et ass e grousse Verloscht fir d'CSV", dat sot de Premier Luc Frieden an enger éischter Reaktioun iwwer den Doud vu sengem Partei-Kolleeg RTL géintiwwer.
Et wier ëmmer flott gewiescht, mam Max Hengel ze schaffen. Besonnesch am Walkampf, wéi si zesummen am Osten ënnerwee gewiescht wieren. "Hien huet jidderee kannt, hie war frëndlech mat jidderengem an ech mengen, dat sinn och déi Biller, déi a mengem Kapp fir ëmmer wäerte vum Max bleiwen", sou de Luc Frieden.
CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz: "En huet ëmmer gekämpft"
"Hien huet ni gejéimert. Dat war seng Stäerkt", dat sot de Marc Spautz RTL géintiwwer.
Och wann ee wosst, dass den Ost-Deputéierten eng Kriibserkrankung hat, hätt een awer ëmmer gehofft, dass et géing besser ginn. "Dass hie géing d'Kéier kréien", esou den CSV-Fraktiounspresident. De Max Hengel hätt ëmmer gekämpft a wäert och als Kämpfer an Erënnerung bleiwen.
Nach d'lescht Woch wier hien als President vun der Santéskommissioun bei der Olympiad op enger Table Ronde mat dobäi gewiescht, esou nach de Marc Spautz. Säi Parteikolleeg hätt sech ni bedauere gelooss an hien hätt och ëmmer wëlle vollen Asaz bréngen. De Max Hengel géing jidderengem a beschter Erënnerung bleiwen a virun allem als eng Persoun, déi sech ni hätt wëllen an de Mëttelpunkt stellen.
Dës positiv Astellung vum Max Hengel hieft och d'CSV an engem Communiqué ervir: "Nieft der Politik war de Max awer virun allem e Familljemënsch a mam Osten déif verbonnen."