Wéi d'Wirtschafts- an d'Finanzsektioun vum Parquet Kriminellen op d'Spuer kënnt
"Crime does not pay", an anere Wierder: "Verbrieche rentéiere sech net": Dat ass d'Zil vun der "Section économique et financière" vum Parquet vu Lëtzebuerg
Déi gëtt vum Procureur d'état adjoint, dem Jean-François Boulot geleet. Hien huet engem Interview mat eis zougesot, fir seng Aarbecht generell z’erklären. Iwwer d'Caritas-Affär wëll d'Justiz à ce stade net weider Detailer oder Piste bekannt ginn, well dat géing riskéieren, de Gauner an d'Kaarten ze spillen. De Jean-Francois Boulot sot eis, hie géing ganz gutt verstoen an och richteg fannen, datt de Public interesséiert ass. Hie kéint fir den Ament just soen: "Mir maachen alles, wat mir kënnen". D'Justiz hätt all d'Ressourcë geholl, déi se konnt fannen, fir d'Enquête an d'Instruktioun virunzeféieren "an déi fiert riicht virun". Et géing keng Paus gemaach ginn.
De Secret de l'instruction wier néideg, well et géing en net negligabele "risque d'obscurcissement des preuves" ginn, also datt Beweiser kéinte verschwanne gedoe ginn. Wann d'Malfaiteure wéissten, wou d'Enquêteure kucken, da géing dat d'Aarbecht vun den Enquêteuren erschwéieren oder esouguer onméiglech maachen. Vun dohier gouf et vum Procureur d'état adjoint och keng Indikatiounen iwwer de Verbleif vun de Sue vun der Caritas oder wat schonn alles bis elo ënnerholl gi wier.
"Mir si keng Chrëschtkënnercher"
"Mir si keng Chrëschtkënnercher", esou de Jean-François Boulot, deen awer net verstoppt, ewéi schwiereg et wier, verontreit Suen erëmzefannen. Op der Welt géing et professionell Gauner a Blanchisseure ginn, deenen hire "Full-Time-Job" et wier, Spueren ze verwëschen an d'Finanzwelt wier eben esou komplex ewéi se ass. De Procureur huet eng Rei Beispiller ginn, ewéi Onéierlecher d'Identitéit vun anere kënne benotzen oder Fälschunge maachen, wat de Retracage géing méi komplizéiert maachen.
Trotzdeem wier d'Justiz gutt ekipéiert, fir hir Aarbecht ze maachen. D'Justiz, dorënner d'Cellule de renseignement financier, d'CRF, hätten Zougrëff op Bankdonnéeën. D'CRF kéint Sue blockéieren, d'Untersuchungsriichtere Sue saiséiere loossen. D'CRF wier international ganz gutt vernetzt a kéint dem Parquet, respektiv dem Untersuchungsriichter zousätzlech Elementer liwweren, fir an der Enquête weiderzekommen.
An der Caritas-Enquête huet en Untersuchungsriichter de "Lead", fir séier kënne méi "coercitiv" Aktiounen z'autoriséieren, déi eng Atteinte op Grondrechter sinn. Dat selbststänneg oder opgrond vun Demandë vum Parquet, dee Rapporten oder nei Elementer vun den Enquêteure vun der Police judiciaire oder nach vun der Cellule de renseignement financier geliwwert kritt.