Anomalien a Schwaachstelle bei der Caritas a bei de Banken

"Wat do geschitt ass, ass einfach onméiglech", sou eng Partie Professioneller op der Finanzplaz, wa se eppes iwwert d'Caritas-Bedruchsaffär héieren.
Déi 61 Milliounen Euro, déi vun der Caritas verontreit goufen, sinn onsen Informatiounen no Ufanks vum Joer, iwwer 5 Méint op eng 14 Bankkonte vun enger spuenescher Bank transferéiert ginn. An zwar d’BBVA Bank – d’Banco Bilbao Vizcaya Argentaria. D’Milliounenzomm, déi verontreit- oder geklaut gouf - ass iwwert eng 100 Tranchë vu manner ewéi 500.000 Euro iwwerwise ginn, hat den 100,7 virun 2 Woche gemellt. Fir méi ewéi d’Hallschent vun den 61 Milliounen Euro waren zousätzlech Kreditlinnen néideg. Zwou Kreditlinne goufe bei zwou Banken ugefrot: bei der Spuerkeess a bei der BGL BNP Paribas.
RTL konnt bis elo net iwwerpréiwen, ob eng vun de Kreditlinne mat just enger Ënnerschrëft vun engem Member vun der Direktioun vun der Caritas accordéiert gouf, ob eng Kreditlinn ouni zousätzlechen Accord erweidert gouf, oder ob eng Kreditlinn refuséiert gi wier.
Op Säite vun der Caritas – der Fondatioun an Accueil et solidarité - goufen d’Virementen, mee och d'Demandë fir Kreditlinne vun der Finanzdirektesch gemaach. Si gouf vum Direkter Marc Crochet, dee Mëtt Juli Plainte gemaach huet, zanter Ufank vun der Affär verdächtegt, d’Sue verontreit ze hunn. Si selwer huet sech awer kuerz no der Plainte selwer der Police gestallt a si huet sech via hiren Affekot als Affer duergestallt.
100,7 hannerfreet Pist vum Presidenten-Trick
D’Justiz hat de 6. August matgedeelt, datt aller Warscheinlechkeet no den Detournement bei der Caritas e Lien mat der "Arnaque"- oder "Fraude au president" hätt. Den 100,7 freet awer e Méindeg an engem Artikel, ob deen Trick "just virgetäuscht" gëtt. Hire Recherchen no schéngt d’Fraude mat "Insiderwëssen" bei der Caritas preparéiert an ëmgesat ginn ze sinn.
D’Finanzdirektesch wier iwwer 5 Méint mat engem "falsche Marc Crochet" a weidere Persounen a Kontakt gewiescht an hätt alles gemaach – och Geschichten erfonnt - fir datt d’Transaktiounen a Spuenien geléngen. Kënnt dobäi, datt si an de Méint virun der Fraude den Accès vun anere Mataarbechter an d’Comptabilitéitsprogrammer reduzéiert hätt, esou den 100,7. Grad wou u sech Recommandatioune vun engem Consultant sollten ëmgesat ginn, fir d’Gestioun ze verbesseren.
Den Asaz vum externe Consultant bei der Caritas kéint iwweregens, esou eng Rei Sourcen, déi Onéierlech eben dozou beweegt hunn, hire Bedruch duerchzezéien, iert et ze spéit gewiescht wier.
"Wat do geschitt ass, ass einfach onméiglech"
Egal ewéi raffinéiert de Presidenten-Trick ausgefouert soll gi sinn an egal wéi vill Informatiounen déi Onéierlech solle gehat hunn, fir d’ONG eranzeleeën, esou hu Schwaachstellen an der Gouvernance vun de Caritas, mee och bei de Banken, de Bedruch och iwwerhaapt méiglech gemaach oder op d’mannst vereinfacht.
"Wat do geschitt ass, ass einfach onméiglech”, ass déi heefegst Äntwert, déi een am Moment vu Professionelle vun der Finanzplaz héiert, wann ee se freet, ewéi si sech d’Caritas-Bedruchsaffär erklären. Kee gleeft och, datt just eng Persoun fir d’Affär kéint verantwortlech sinn.
D’Spuerkeess wollt zum spezifesche Fall vun der Caritas zwar näischt soen, mee war bereet eis op Nofro hin, schrëftlech generell Erklärungen ze ginn. Se verséchert, datt eng "Transaktiounsiwwerwaachung" eng "breet Panoplie vu Facteuren an ënnert anerem och d’Typologie vum Client" berécksiichtegt. De Montant vun engem Virement wier och e wichtege Facteur. D’Spuerkeess schreift och, datt "repetitiv Transaktioune" vum Sécherheetssystem detektéiert géinge ginn. Wat erstaunlech ass, well wann all déi Sensoren a Kraaft sinn, da freet ee sech, ewéi d’Virementen iwwer 5 Méint an iwwer méi ewéi 100 Transaktiounen a Kreditlinne konnten accordéiert ginn.
"Anomalien"
Fälschunge vun Dokumenter, déi eng Transaktioun solle rechtfäerdegen, gi vu Professionelle vum Secteur als eng Méiglechkeet genannt, firwat d’Banken net reagéiert hätten. Eng aner Erklärung ass, datt bei Call-backs, de Client d’Persoun ugëtt, wien d’Bank soll bei Verdacht uruffen. Dat soll bei der Caritas déi inculpéiert Finanzcheffin selwer gewiescht sinn, wat schonn eng Schwaachstell an der Gouvernance vun der Caritas ass. Allerdéngs kéint sech d’Bank och froen wéi vill Sécherheet et bréngt, déi selwecht Persoun unzeruffen, déi de Virement wollt maachen.
Banquieren soen och, datt d’Caritas Sue kéint geléint kritt hunn, well se Sue vum Staat nach sollt kréien. Allerdéngs huet d’Regierung jo puer Mol rappelléiert, datt d’Suen schonn iwwerwise goufen. D’Banken hätten dat och misse wëssen, well se Abléck an d’Konte vun hire Clienten hunn. Keng Erklärung gëtt et och à ce stade, wéi d’BBVA Bank hir Clienten op béide Säite vum Transfert offensichtlech net gutt kannt huet. D’spuenesch Bank sot ons op Nofro hi bis ewell just : “no Comment”.
Geet een dovunner aus, datt et bei de Banke keen direkte Kompliz gouf, da kann een op d’mannst vun "Anomalien" schwätzen. Hei zu Lëtzebuerg ass d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz, d'CSSF, schonn amgaang ze kucken, wat bei der Spuerkeess a bei der BGL BNP Paribas geschitt ass. An der Caritas-Affär leeft och d’Enquête vun der Justiz weider. Bis zu engem Urteel gëllt d’Présomption d’innocence.
Entrevue mam Bistum
D’lescht Woch schonn hate sech déi Responsabel aus dem Krise-Comité vun der Caritas mam Bistum getraff, fir de Point ze maachen, iwwert den aktuellen Stand, nodeems jo 61 Milliounen bei der ONG verontreit goufen.
De Christian Billon huet sech mam Kardinol Jean-Claude Hollerich, dem Generalvikar Léon Wagener an dem General-Ekonom vum Äerz-Bistum Marc Wagener ausgetosch, heescht et an engem Schreiwes vun e Méindeg den Owend.
Den Äerzbeschof Hollerich hätt sech déif entsat gewisen, iwwert déi Verontreiung an enger kathoulescher Organisatioun, där hiert Zil et wier, deenen ze hëllefen, déi et am Dréngenste bréichten.
Et hätt ee Vertrauen an déi juristesch Instanzen, Kloerheet an d’Affär ze bréngen, an et wier elo um Krise-Comité et fäerdeg ze bréngen eng anstänneg Gouvernance op d’Been ze stellen, déi nees Vertrauen am Public kéint schafen.